Wéi och schonn déi lescht zwee Joer war den Event ausverkaaft. Ëm déi 260 Visiteuren huet et op Esch gezunn.

Den 31. Oktober, den Owend virun Allerhellegen, gëtt jo och hei am Land mëttlerweil Halloween gefeiert. Zu Esch gouf sech awer scho leschte Weekend gegrujelt – am House of Horrors!

Nieft ënnert anerem engem Horrorfilm, dee gewise ginn ass, gouf et fir dës Editioun awer och eng ganz nei - méi extrem – Attraktioun, un déi sech just puer vereenzelt Leit dru getraut hunn. Ronn 20 Persounen hu sech gemellt fir matzemaachen an hate keng Anung, op wat si sech agelooss hunn.

Dorënner och d’Kelly Tomasini, groussen Horror-Fan an eng vun de Stëmmen um Eldoradio. "Ech sinn einfach schreckhaft, mee ech hu lo net wierklech virun eppes Angscht”, erkläert d’Radios-Animatrice, "Ech menge mir mécht méi Angscht, dass ech net weess, wat passéiert."

D’Iddi fir dës “Extreme Experience” kënnt vum Kevin Rotolo, deen zesumme mat senger Ekipp vun ëm déi 30 Leit d’Event op d’Bee gestallt huet. Den Organisateur huet sech dobäi schonn am Virfeld negativer Kritik missen aussetzen – wéinst engem echte Sarg, deen als Dekoratioun benotzt gëtt.

"D’Reaktioune ware gemëscht. Déi eng soten ‘oh cool, dat ass mol eppes Neies’, an déi aner soten halt ‘dat ass total geschmacklos’. Mir hunn och ganz béis Maile kritt. Mee et muss een et kucke wéi ee groussen Theater, dee mir hei opféieren, an do gehéiert och eng Dekoratioun dozou."

Wéi een Opwand hannert der Organisatioun vun “House of Horrors” stécht, a wéi d’Kelly Tomasini d’Extreme Experience erlieft huet, gesitt Dir am Video-Reportage.