Grad am Fréijoer verstoppe sech Réikitzen, Huesen a Bodenbrüter gären am héije Gras. Do gi si awer dacks Affer vu Méimaschinnen.

Am Mäerz dëst Joer hat de Landwirtschaftsministère en Inventaire presentéiert, an deem Fräiwëlleger registréiert sinn, déi hëllefen, d'Déieren ze lokaliséieren an a Sécherheet ze bréngen. Esou kënnen d'Baueren d'Benevolle virum Méie kontaktéieren, fir ze verhënneren, datt d'Déieren duerch Maschinne blesséiert ginn.

Wéi de Landwirtschaftsministère en Dënschdeg matdeelt, ass et duerch d'Zesummenaarbecht tëscht de Baueren, Jeeër an de Membere vu Sauvons Bambi dëst Joer gelongen, 674 Réikitzen ze retten.

Bei de Rettungsaktioune ginn d'Déiere fir d'éischt mat der Hëllef vun Drone mat Wäermebildkamerae lokaliséiert, éier se dann op eng aner Plaz bruecht ginn. Fir d'Rettungsekippen an der Saison 2026 ze verstäerken, mécht Sauvons Bambi Luxembourg elo schonn den Opruff fir nach méi Fräiwëlleger. Gesicht ginn engersäits Dronepiloten an anerersäits Benevollen, déi d'Réikitz op eng aner Plaz setzen.

D'ASBL forméiert déi Fräiwëlleg, och wa si keng Erfarung am Fléie vun Dronen hunn an zertifiéiert d'Benevollen, éier se an den Asaz geschéckt ginn. D'Ëmsetze vun de Réikitze misst allerdéngs vu Leit gemaach ginn, déi scho forméiert sinn a sech mat de Verhalensweise fir den Ëmgang mat den Déieren auskennen. Wie sech gäre bei Sauvons Bambi melle wëll, kann dat iwwer hire Site maachen.