Karneval lancéiertÉischt Lëtzebuerger Prënzekoppel zu Tréier

Nom Motto "Der Globus eiert, Trier feiert" ass e Sonndeg um 11.11 Auer mat der neier Prënzekoppel de Karneval um Kornmarkt lancéiert ginn.

An deem Kontext hat de Buergermeeschter vun Tréier déi zukünfteg Prënzekoppel an der Gemeng empfaangen. A fir eng éischte Kéier kënnt de Karnevalsprënz an d'Prinzessin vu Lëtzebuerg. De Prënz Pierrot an d'Prinzessin Marie-Claire hunn den Oberbürgermeister Leibe zu hirem Éierenadjutant ernannt an him donieft nach déi besonnesch "Narrenkap" an de Faarwe vun Tréier a mam Roude Léiw drop iwwerreecht.

© Steil-TV

FOTOGALERIE: D'Biller vun der Presentatioun vu Steil-TV.

Dunn e Sonndeg den 11.11 um genau 11:11 Auer ass dunn hir "Aarbecht" lassgaangen. D'Prënzekoppel, iwwregens ass et déi éischte Kéier an der däitscher Karnevalsgeschicht, datt et et eng Lëtzebuerger Koppel gëtt, regéieren fir ee ganzt Joer iwwert eng Stad. D'Kollege vum Magazin hu si beim Karnevalsufank begleet, wou si um Kornmarkt dem Public virgestallt goufen.



Karneval zu Tréier (12.11.2018)
Fir déi éischte Kéier gouf et zu Tréier eng Prënzekoppel, déi aus Lëtzebuerg kënnt.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.