Patrick Klein meets Xavier Trinckgeld ... euh Bettel














De Kandidat vun "Wer wird Millionär?" war um Donneschdeg de Mëtteg beim Premier, um Owend war e live op der Tëlee am "Live! Planet People".
Um Donneschdeg war de Patrick Klein, dee jo zanter sengem Optrëtt e Méindeg an der Quizshow vum Günther Jauch "Wer wird Millionär?" nawell zimlech populär zu Lëtzebuerg ass, op Besuch am Grand-Duché - op Invitatioun vun RTL.
Hien ass spontan bei de Premier, deen e jo onglécklecherweis Xavier Trinckgeld vernannt hat op der Tëlee, schelle gaangen an de Xavier Bettel huet et sech dann och net huele gelooss, tëscht 2 Reuniounen e Wuert mam Kandidat ze schwätzen.
Op d'Fro, ob hien de mëssgléckten Optrëtt elo fir eege PR-Zwecker ausnotze géif, huet de Xavier Bettel gemengt, datt et dem Patrick Klein ze verdanke wier, datt zanter e puer Deeg esou positiv iwwer Lëtzebuerg geschwat géif ginn wéi scho laang net méi - dofir kéint ee sech dann och als Premier roueg 2 Minutten huelen, fir dat ze wierdegen.
Fir sech fir de Malheur beim Numm zeréckzekafen (de Kandidat sollt den Nonumm vum neie Lëtzebuerger Premier nennen), huet de Patrick Klein dem Premier e Bong ginn, fir Loftopname vu sengem Haus ze maachen; de Patrick Klein ass nämlech op Biller aus der Loft spezialiséiert.
Um Owend war en zu Gaascht bei RTL Radio an Télé Lëtzebuerg.