Alerte jauneMeteolux huet nees eng liicht Schnéiwarnung erausginn, plazeweis glat Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Tëscht e Méindeg den Owend 20 Auer an en Dënschdegmoie 6 Auer kënne virun allem op iwwer 300 Meter nees e puer Zentimeter Schnéi falen.

Op Meteolux ass Rieds vun 2 bis 5 Zentimeter, wat jo no de Quantitéiten, déi e Sonndeg erofkomm sinn, éischter wéineg ass.

Um Méindeg den Owend goufe plazeweis glat Stroosse gemellt, et heescht also weiderhin oppassen.

Am Éislek hat et e Sonndeg nawell plazeweis zolidd geschneit

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO