An der Nuecht op e Sonndeg hat et deelweis schonn ugefaange mat Schneien, virun allem am Éislek.
De ganzen Dag iwwer koum et iwwer länger Phasen zu Néierschlag, dat a Form vu Schnéireen oder naassem Schnéi, och ënnerhalb vun 200 bis 300 Meter. Iwwer 300 - 400 Meter huet musse mat wanterleche Stroosseverhältnisser gerechent ginn, wat dann och esou agetratt war. Meteolux hat fir e Sonndeg dann och eng Alerte Jaune erausginn.
Et gouf also richteg wanterlech. Dobäi ass méi e méi staarke Wand vu 60 bis 70 km/h iwwer Land geblosen an d’Temperature louchen tëscht 0 an 3 Grad.

E Méindeg ass et wiesselhaft mat Schnéireen a Schnéischaueren. D’Temperature klammen op maximal 4 Grad op der Musel, an op 0 Grad op den Éisleker Koppen.
En Dënschdeg an e Mëttwoch geet et weider mat Schnéireen-, respektiv Schnéischaueren, dat Ganzt bei killen 3 Grad.
TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.