"Heat Sensation" - Kaart
D'"Heat Sensation"-Kaart ass am Kader vu City Clim entstanen, ee Projet, dee vun der Europäescher Kommissioun hirem Programm Horizon 2020 ënnerstëtzt gëtt. Dës Kaart weist engem mathëllef vun engem Hëtztindex, wou déi beschte Wuelfilltemperatur ass. Den Notzer kann uginn, a wat fir engem Temperaturberäich hie sech am Wuelste spiert. Déi relativ Loftfiichtegkeet an Temperatur ginn dobäi en compte geholl. Esou kann een eng méi genau Virstellung vermëttelen, wéi waarm et fir eng Persoun tatsächlech ass.
Am Blog vu City Clim fannt Dir wieder Informatiounen iwwer déi individuell Wiederperceptioun.Op dëser Kaart kritt een déi Plazen ugewisen, wou gefillt eng agreabel Temperatur virausgesot gëtt.
Mat de Reegeler ënne kann een deen Temperaturberäich astellen, an deem ee sech gutt spiert.
All virausgesoten Temperaturen an deem Beräich gi gréng duergestallt.
Mat deem roude Reegeler kann een d'Maximaltemperatur astellen, déi nach erdrobar ass.
Dat gëtt op der Kaart dann als giel duergestallt. Alles, wat iwwert dës Grenz erausgeet, gëtt op der Kaart als rout ugewisen.