"Lëtzebuerg bleift stabel op engem schlechten Niveau"

2015 sinn an der Europäescher Unioun 26.000 Mënschen duerch Accidenter op der Strooss ëm d'Liewe komm.
135.000 Leit goufe schwéier blesséiert. Déi Zuelen klammen eng éischte Kéier zënter 2001.
Och am Grand-Duché gouf et d'lescht Joer ee Verkéiersdoudege méi wéi dat Joer virdrun. De Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen ass sech sécher, datt a villen europäesche Länner d'Efforten fir méi Sécherheet am Trafic nogelooss hunn. 26.000 Doudeger an engem Joer. Dat ass e Chiffer, deen de Minister François Bausch net kann an net wëllt akzeptéieren.
Malta, Schweden an Holland schneide gutt of an der Etude. Do goufen et zejoert 26, 27 respektiv 28 Doudesaffer op der Strooss pro Millioun Awunner. Zu Lëtzebuerg läit dee Chiffer awer bei 58. Am Grand-Duché wier einfach ze laang nogekuckt ginn, déi Mesuren déi geholl goufen wieren, esou seet de Minister Bausch, "zaghaft" an "zögerlech" gewiescht.
Säin 29 Punkte-Plang soll d'Situatioun op de Lëtzebuerger Stroossen elo verbesseren, e Plang, deen zu zwee Drëttel präventiv an zu engem Drëttel repressiv ass.
Zur Präventioun gehéiert zum Beispill, datt vill um Stroossereseau geschafft gëtt an och datt iwwert eng Reform vum Führerschäin nogeduecht gëtt. Et misst méi Wäert op d'Fuerverhale geluecht ginn. Jonker misste mat de Konsequenze vu schlechtem Fueren, och mat Affer vu Stroossenaccidenter konfrontéiert ginn.
Zu engem ganze Pak Mesuren, déi de François Bausch am Zesummenhank mat sengem 29 Punkte-Plang annoncéiert, gehéieren zum Beispill och eng pädagogesch Strof. Et misst een an e Cours goen, wou een och mat Affer zesummentrëfft. Dat géif wierken.
De François Bausch ass iwwerzeegt, datt een op e puer Niveaue muss usetzen. Datt d'EU hiert Ziel erreecht an d'Zuel vun de Verkéiersdoudegen tëschent 2010 an 2020 ëm d'Halschent reduzéiert kritt, gleeft hien net.