Elektroautoen hunn no zwee Joer e Klimavirdeel. Dono gläiche se déi méi héich CO2-Emissiounen aus, sou eng nei Etüd vun der Duke University.

Laangfristeg wieren d’Elektroautoen däitlech méi klimafrëndlech wéi d’Verbrenner. Gerechent gouf bis 2050. D’Emissiounen aus der Bensinns- an Dieselsproduktioun, de Betrib an och d’Produktioun vun der Batterie an de Montage vun den Autoe goufe gekuckt. Resultat: An den éischten zwee Joer, wann d’Autoe benotzt ginn, produzéieren d’Elektroautoe ronn 30% méi CO2 wéi Verbrenner. De Grond ass den energieintensiven Ofbau vu Lithium an d’Produktioun vun de Batterien.

Nom zweete Joer kippt awer de Bilan. Da sinn d’Emissioune vun den E-Autoe méi niddreg wéi déi fossil Alternativen.

An och laangfristeg verréckelt sech de Bilan weider zu Gonschte vun den Elektroautoen, besonnesch wann d’Stroumreseauen ëmmer méi mat erneierbaren Energië gespeist ginn. Wirtschaftlech rechent sech den Elektroauto och, well de Verbrenner, wat de Klima an d’Loftqualitéit ugeet, 2 bis 3,5 Mol sou héich Käschten a Schued verursaacht wéi den Elektroauto.

Dës nei Etüd schafft mat US-Donnéeën. Europäeschen Experten no kéint an Europa de Bilan nach besser fir Elektroautoen ausfalen, well ënnert anerem vill Leit hiren Auto doheem lueden an dat dacks mat eegene Solarzellen um Daach.