Am Fréijoer 2026 fänkt déi éischt Etapp an der Gemeng Walfer un
© RTL-Archiv
An der Gemeng Walfer hu se sech fir déi nächst Joren nawell e gréissere Projet virgeholl.
Am Kader vum Reamenagement vum Uelzechtdall gëtt an der Gemeng net just déi ganz Strooss nei gemaach, mä et gëtt och ënnerierdesch geschafft. Zum Beispill andeems déi ganz Kanalisatioun nei gemaach gëtt. Op enger Informatiounsversammlung goufen d'Bierger en Dënschdeg den Owend iwwer den Oflaf vun den Aarbechten informéiert.






D'Gemeng a Ponts et chaussées rechnen domadder, datt am Fréijoer dat anert Joer ka mat den Aarbechten ugefaange ginn. Deen éischten Deel geet vum Rond-point op der Héicht vum Shoppingzenter bis bei d'Gemeng, an deen zweeten Deel vun der Gemeng laanscht de Policebüro bis bei de Supermarché, ier een op Beggen kënnt.
Den CSV-Buergermeeschter François Sauber huet versprach, datt et zum Beispill Verbesserunge fir jidderee gëtt, deen zu Fouss, mam Vëlo, mam Auto oder mam Bus ënnerwee ass: "Deen éischten Deel, do gi 550 Aarbechtsdeeg gerechent, woubäi een awer och muss wëssen, datt mir insistéiert hunn als Gemeng, datt op zwou Schichte geschafft gëtt. Vu méindes bis samschdes inklusiv, well mir wëllen net jorelaang an engem Chantier sëtzen oder déi Leit, déi do wunnen. Dofir acceleréiere mer dat Ganzt obwuel et méi deier kascht, et ass egal, mir maachen dat fir d'Leit."
Si kréien net just eng nei Kanalisatioun, eng nei Opdeelung op der Strooss, mä och eng 30er-Zon am Beräich wou d'Gemeng ass. Et gëtt dofir gesuergt, datt do, wou et méiglech ass, Beem geplanzt ginn, an datt net alles versigelt gëtt, fir datt d'Waasser kann ofléissen, wann et vill reent.
A wann een da scho mat den Aarbechten amgaang ass, da kënnt et op e bëssen och net méi un. Déi éischt Schäffen, d'Jessie Thill vun déi Gréng: "Mir haten ëmmer versprach, datt wann d'N7 bis reamenagéiert gëtt, datt mer och eis Gemengeplaz, déi den Ament éischter e Parking ass, reamenagéieren. Mir gesinn elo do d'Chance, fir ze entsigelen. Zum Beispill doduerch, datt een en Eco-Pawee op de Parking leet, esou datt d'Waasser verdonst an de Raum natierlech ofkillt."
No den Erklärungen, déi d'Leit kruten, wollt eng Fra wëssen, ob verschidden Haiser dann elo endlech net méi vibréieren, wann déi schwéier Camionen een nom aneren iwwer d'Strooss rullen. Och dat verbessert sech, huet et vum Laurent Wolter vun de Ponts et chaussées geheescht, allerdéngs mat enger klenger Nuance.
"Et ass reng de Stroossenopbau, dee mer natierlech weesentlech verbesseren. Mir ginn do mat der Zäit, mir ginn do den Trafic simuléieren, kucke wat do driwwer geet. Et spillt do haaptsächlech de Schwéiertrafic eng Roll a mir wäerten dee Stroossekoffer op deen Trafic dimensionéieren. Wann awer elo vun engem privaten Haus deels vläicht d'Fundamenter net gutt gemaach gi sinn, dann ass dat natierlech keng Garantie, dass do näischt méi vibréiert. Mee awer d'Strooss wäert sécherlech fir 30 Joer halen", sou de Laurent Wolter.
De Reamenagement vum Uelzechtdall fänkt zwar an der Gemeng Walfer un, mä en hält net do op. Steesel a Luerenzweiler waren och direkt mat am Boot, Lëntgen huet bësse méi spéit säin Accord ginn, just d'Gemeng Miersch ass net sou waarm fir de Projet.
Deen een oder aneren hofft awer drop, datt déi verantwortlech Politiker hir Meenung änneren, wa se bis éischt Resultater vum Projet gesinn.