Zanter en Dënschdeg Hallefnuecht muss ee fir de 95er Bensinn méi déif an de Portmonni gräifen.

Et ass eng Präishausse vun 2,6 Cent, woumat de 95er elo 1,499 Euro de Liter kascht.

Den Ekonomiesministère huet dës Präisser en Dënschdeg de Moie matgedeelt.