An der Allerhellegevakanz, vum 1. bis den 9. November, ginn eng Rei Zuchstrecken uechter d'Land wéinst Aarbechte gespaart.

D'Aarbechte gi virun allem en vue vun der Suppressioun vun zwou Barrièren an dem Uschloss vum Pôle d'echange Houwald un déi nei Linn tëscht der Stad a Beetebuerg gemaach. Dowéinst wäerten op där Streck an där Zäit keng Zich zirkuléieren.

Keng Zich sinn dann och vum 1. bis den 9. November tëscht der Stad an Dikrech, souwéi tëscht der Stad an Ettelbréck ënnerwee. Fir all dräi Strecken hunn d'CFL Ersatzbusser organiséiert. Den Detail mam Plang an dem Horaire vun dëse Busser fannt Dir um Site vun den CFL.