Nicole Peyrafitte & Pierre JorisLiteratur a Molerei an der Galerie Simoncini

Amplaz op e klassesche Vernissage huet Kënschtlerkoppel Joris/Peyrafitte op eng Performance invitéiert ...

Konscht op der Kopp (10.11.2017)
Literatur a Molerei an der Galerie Simoncini

Den Ausgangspunkt vun der neier Expo an der Galerie Simoncini ass e Buch, geschriwwe vum Pierre Joris, iwwersat vum Nicole Peyrafitte a vun der Galerie editéiert.

« Domopoetic Works » nennen d’Nicole Peyrafitte an de Pierre Joris hir Zesummenaarbecht, en Zesummespill vu verschiddene Konschtformen, déi wéi hei an der Live-Performance besonnesch gutt zum Droe kommen. 

D’Kënschtlerkoppel lieft a schafft zanter 28 Joer zesummen, am Moment zu Brooklyn.

Am Sous-Sol vun der Galerie gëtt kloer, wéi vill Bicher de Pierre Joris bis ewell geschriwwen huet. Dem Nicole Peyrafitte säi ganz eegenen Univers kann een um 1. Stack erliewen.

Ween déi 2 live wëll kenneléieren, huet beim Finissage an der Galerie Simoncini de 25. November um 16 Auer d'Geleeënheet.

Galerie Simoncini
6 Rue de Notre Dame
Luxembourg

Mardi - Vendredi 12 à 18h
Samedi 10 à 12h, 14 à 17h
et sur rendez-vous
Fermé le Lundi

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.