Am Kader vum Lëtzebuerger Filmpräis weise mir Iech dëse Samschdeg ee spezielle Programm.

"Passepartout" Spezial um 19 Auer

Dës Woch kucke mir am Passepartout op den Owend vum Lëtzebuerger Filmpräis 2025 zeréck, dat mat flotten Interviewe vun de Gewënner a Gewënnerinnen a villen Andréck vun der Zeremonie.

Passepartout Spezial: Lëtzebuerger Filmpräis 2025
D'Kultur-Emissioun op der Tëlee, mam Zil d'Villsäitegkeet vun der Lëtzebuerger Kulturzeen ze presentéieren, ze vermëttelen an ze encadréieren.

Zwee Filmer vum Udo Kier vun 20 Auer un

Nom Doud vum däitschen Acteur Udo Kier dës Woch diffuséiere mir e Samschdeg den Owend och zwou Lëtzebuerger Produktiounen op RTL Télé Lëtzebuerg, an deenen hien nieft anere Lëtzebuerger Acteure matgespillt huet.

Béid Filmer sinn zanter e Freideg schonn disponibel op RTL Play an dat fir 10 Deeg.

Vun 20 bis 21.30 Auer op der Tëlee

Three Shake a Leg Steps to Heaven vum Andy Bausch

Three Shake A leg Steps To Heaven
Three Shake-a-Leg Steps to Heaven ass e Film vum Andy Bausch mat den Acteuren Udo Kier, Thierry van Werveke an Désirée Nosbusch aus dem Joer 1993.

Sprooch: Däitsch
Dauer: 87 Minutten
Produktioun: Samsa Film
Acteur: Udo Kier, Désirée Nosbusch, Thierry van Werveke, Richy Müller, Jochen Senf, Josianne Peiffer, Jaoued Deggouj, Christian Kmiotek, Kenny Seymour, Serge Wolf , Eddie Constantine
Joer: 1993
Genre: Krimikomödie

Ëm wat geet et: Den drëttklassegen Elvis-Imitateur Joe (Udo Kier) an e russeschen Danz-Enseignant Mischa (Thierry van Werveke) retten e Banquier virun der Mafia, vun där en ëmbruecht sollt ginn. Si doe sech zesumme mam Callgirl Fanny (Désirée Nosbusch), dat sech gutt an Astrologie auskennt...

Vun 21.30 bis 23 Auer  op der Tëlee

Skin Walker vum Christian Neuman

Skin Walker
Skin Walker ass e Film vum Christian Neuman mat den Acteuren Udo Kier, Sophie Mousel, Luc Feit aus dem Joer 2020.

Sprooch: Englesch
Dauer: 95 Minutten
Produktioun: Calach Films, Caviar Films
Acteur: Udo Kier, Sophie Mousel, Luc Feit, Amber Anderson, Jefferson Hall, Luc Schiltz, Marja-Leena Junker, Nicolas Godard, Sarah Lamesch
Joer: 2020
Genre: Psychological Thriller

Ëm wat geet et: D'Regine, eng jonk Fra, déi mat hirem Frënd Jacob zesummen an der Stad lieft, kritt Besuch vum Robert, deen hir erzielt, datt hir Famill si d'ganz Zäit belunn hätt: Hiren Hallefbrudder Isaac, de Jong vun der Regine hirer Mamm a vum Robert, wier net bei der Gebuert gestuerwen, mee géif liewen, an hätt ewell d'Groussmamm ëmbruecht.

D'Regine, dat traumatesch Kandheetserënnerungen ëm d'Gebuert vum Isaac sou gutt wéi méiglech verdrängt hat, decidéiert, zeréck op d'Land an d'Familljenhaus ze fueren, fir där Saach op de Fong ze goen...