Wat gëtt d'Wuert vum Joer 2025?
Gesicht gëtt den Nofollger vu "Presidententrick". Bis den 7. Dezember kënnt Dir proposéieren … a gewannen!
Wéi ee Wuert huet 2025 Ärer Meenung no am meeschte markéiert?
Sot eis et!
Zesumme mat RTL, Radio 100,7, dem Tageblatt an dem Luxemburger Wort sicht den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch d'Wuert vum Joer 2025.
D’Zil vun der Aktioun ass et, dat Wuert ze sichen, dat d'Joer politesch, ekonomesch, kulturell, gesellschaftlech oder sproochlech op eng besonnesch Aart a Weis gepräägt huet.
Schéckt eis Är Propos a gewannt mat e bësse Chance ee vun dräi flotte Präisser! D'Lous entscheet.
Hei kënnt Dir Är Propos oder Är Proposen areeche bis e Sonndeg, 7. Dezember Hallefnuecht:
Aus de Virschléi mécht den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch eng Shortlist vu 15 bis 20 Begrëffer an aus där sicht dann e Jury d'Wuert vum Joer 2025 eraus. Nach virun Enn des Joers gëtt et offiziell matgedeelt.
Am Jury sinn de Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch Pierre Reding, d'Presidentin vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch Myriam Welschbillig, e Vertrieder/eng Vertriederin vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch a jeeweils ee Vertrieder/eng Vertriederin vun RTL, Radio 100,7, Tageblatt a Luxemburger Wort.