Literatur-Nobelpräis 2013 fir Kanadierin Alice Munro

Dat huet déi schwedesch Akademie en Donneschdeg an der Mëttesstonn zu Stockholm bekannt ginn.

De Präis ass mat 920.000 Euro dotéiert a gëtt den 10. Dezember iwwerreecht.

D'Schrëftstellerin Alice Munro, gebuer den 10. Juli 1931, gouf scho méi dacks zum enke Krees vun de Favoritte gezielt.

Och dëst Joer ass hiren Numm ëmmer nees mam Nobelpräis a Verbindung bruecht ginn - genee wéi déi vum Japaner Haruki Murakami, vun den US-Amerikaner Joyce Carol Oates a Philip Roth, vum Ungar Péter Nádas a vun der wäissrussescher Journalistin Swetlana Alexijewitsch.

D'Alice Munro gouf vun der Jury "master of the contemporary short story" genannt a fir hir Kuerzgeschichte geéiert, déi d'Fragilitéit vum Mënschsinn an de Fokus réckelen.





Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.