Musekschaîne MTV mécht bal all hir Senderen zou

© ARTUR WIDAK / NURPHOTO / NURPHOTO VIA AFP
No bal 40 Joer ass elo gréisstendeels Schluss: géint Enn des Jores ginn europawäit bal all d'Sendere vun MTV zougemaach.
Als éischte Chaîne, op där 24/7 Museksvideoen iwwerdroe goufen, huet MTV 1981 Geschicht geschriwwen. An Däitschland ass MTV Germany (deemools nach MTV Central) vun 1997 un iwwer d'Ecrane geflackert an huet eng ganz Generatioun gepräägt.
Den éischte Museksvideo, dee jee um Sender iwwerdroe gouf, war "Video Killed the Radio Star" vun de Buggles, ma och fir MTV ass d'Zäit zanterhier net stoebliwwen.
D'Mammenhaus Paramount plangt, e Groussdeel vun de linearen MTV-Senderen an Däitschland, ma och international, bis Enn des Jores zouzemaachen. "Digital Fernsehen" no si fir Däitschland d'Chaînen MTV 80s, MTV 90s, MTV 00s, MTV Hits, Club MTV an MTV Live betraff.
Just den Haaptsender bleift an Däitschland erhalen, genee wéi och a Groussbritannien, wou der BBC no d'Senderen MTV Music, MTV 80s, MTV 90s, Club MTV an MTV Live nom 31. Dezember net méi iwwerdroe wäerte ginn.
Grond fir de radikale Schrëtt ass wuel eng gréisser Restrukturéierung am Mammenhaus Paramount. De Mediekonzern huet mat héije Käschten ze kämpfen, ma gläichzäiteg geet d'Nofro u Reklammen am lineare Fernsee erof. "Digital Fernsehen" no wëll Paramount mam Sende-Stopp bei MTV eng 500 Milliounen Dollar spueren.
Museksvideoe gesäit een op MTV iwwerdeems hautdesdaags net méi ganz esou dacks, de Sender huet sech an de leschte Joerzéngten ëmmer méi op Reality-Formater konzentréiert. Duerch Streaming-Servicer, ma och YouTube an déi Sozial Medien, huet MTV zousätzlech ëmmer weider u Relevanz verluer.