En Dënschdeg den Owend war d'Erëffnungszeremonie
Vum Mëttwoch 15. Oktober bis e Sonndeg 19. Oktober huet déi gréisst Bicherfoire vun der Welt hir Dieren opgemaach.
An et ginn eng ganz Rei Neierungen! Zum Beispill, dass de grousse Public scho vum Freideg 10 Auer u kann dobäi sinn. Oder, dass een direkt vum éischten Dag un och Bicher ze kafe kritt. Dat war bis elo just samschdes a sonndes méiglech.
Éieregaascht 2025 sinn d'Philippinnen. Ënnert dem Motto "Fantasie beseelt die Luft" (The imagination peoples the air) kann een d'Literatur vum asiateschen Inselstaat fir sech entdecken. Bei der Erëffnungszeremonie en Dënschdeg den Owend hunn déi dräi philippinnesch Dichterinnen Merlie M. Alunan, Mookie Katigbag-Lacuesta a Marjorie Evasco d'Poesie vun hirem Land virgestallt. D'Senatorin Loren Legardo huet an hirer Ried de philippinneschen Nationalheld José Rizal (1861-1896) gewierdegt, en Aendokter, deen ënner anerem zu Heidelberg studéiert huet an als Begrënner vun der philippinnescher Literatur gëllt.
A verschiddene Riede goung et ëm Demokratie, Jugend a Literatur, d'Erausfuerderungen am Zesummenhang mat kënschtlecher Intelligenz an d'Dominanz vu Big Tech.
Bicher liesen, brauch seng Zäit - Bicher hierstellen och
Dat huet den Direkter vun der Frankfurter Buchmesse, Jürgen Boos, a senger Ried ze bedenke ginn. Ronn 2.000 Stonnen Aarbecht stiechen an enger eenzeger Publikatioun. Fir all d'Bicher op der Buchmesse hierzestellen, bräicht een deemno 18.000 Joer!
D'Buchmesse ass och eng Zäit vu Präisiwwerreechungen. E Méindeg goung den Deutsche Buchpreis un d'Dorothee Elmiger fir hire Roman "Die Holländerinnen". Um leschten Dag vun der Buchmesse wäert den Historiker an Essayist Karl Schlögel an der Frankfurter Paulskirche de "Friedenspreis des Deutschen Buchhandels" entgéinthuelen.
Mat Spannung erwaart, ginn och d'TikTok Book Awards, déi de Samschdeg 18. Oktober fir d'drëtte Kéier a 6 verschiddene Kategorien iwwerreecht ginn.
Enttäuschungen: Den Nobelpräis-Laureat László Krasznahorkai hätt eigentlech solle bei der Erëffnungszeremonie dobäi sinn, huet seng Participatioun awer aus gesondheetleche Grënn kuerzfristeg missten ofsoen.
An eng schlecht Noriicht gëtt et och fir d'Tennisfans: Nieft dem Evenement, bei deem de Boris Becker e Freideg säin neit Buch "Inside" hätt solle virstellen, steet neierdéngs "abgesagt".
Eng ganz Rëtsch aner bekannten Nimm wäerten awer op der Plaz sinn, dorënner de fréieren NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg a Friddensnobelpräislaureatin vun 2021, d'Maria Ressa.
Lëtzebuerg ass och dëst Joer nees mat engem Stand present, ze fannen an der Hal 3.1 Stand F130.