De Museksproduzent Jack White ass dout

Image
Wikimedia / Tvconsult
Den däitsche Museker, mam biergerleche Numm Horst Nußbaum, ass zu Berlin-Grunewald dout a sengem Haus opfonnt ginn. D'Kripo ermëttelt.
Aus dem enken Ëmfeld vum Schlager-Produzent war en Appell bei der Berliner Police agaangen. Nodeems de White dout opfonnt gouf, sinn d'Kriminalpolizei an d'Spueresich op d'Plaz geruff ginn, fir erauszefannen, ob et sech vläicht ëm en Delikt oder ëm e Suicide kéint handelen. Säi Kierper ass vun de Geriichtsmedezinner matgeholl ginn, fir eng Autopsie duerchzeféieren.
Virun der Musek war de Sport
De Bouf vun engem Kölner Metzler war e gudde Futtballspiller a sollt et 1964 bis an déi hollännesch Eredivisie bei d'PSV Eindhoven packen. Dono war de Nußbaum den éischten Trainer vun der Dammenekipp vun Tennis Borussia Berlin.
1967 koum seng éischt vu 15 eegene Placken eraus. Als Sänger ënnert dem Pseudonym Jack White hat hien awer kee Succès. An der Suite huet hie sech op d'Komponéieren a Produzéiere konzentréiert. An de 1970er Jore sollt de White ronn 1.000 Lidder geschriwwen hunn. Aus senger Fieder ass de Song "Fussball ist unser Leben", deen déi däitsch Futtballnationalekipp fir d'WM 1974 gesongen hat.
Fussball
An Däitschland a weltwäit erfollegräich
De White krut méi wéi 400 Gold- a Platin-Auszeechnunge iwwerreecht. 1976 krut hie fir 100 Millioune verkaafte Placke souguer eng Diamante-Plack. Zu senge groussen Hits an Däitschland ziele Lidder wéi "Schöne Maid" vum Tony Marshall, an "Eine neue Liebe ist wie ein neues Leben" vum Jürgen Marcus. Internationalen Erfolleg hat den Jack White mat "Gloria" a "Self Control" vum Laura Branigan, oder "When the rain begins to fall" vum Germaine Jackson mam Pia Zadora. Ausserdeem huet hie fir Stare wéi Paul Anka, Engelbert an Tony Christie produzéiert. Eng vu senge bekanntste Kompositiounen ass d'Lidd "Looking for Freedom", dat an der Versioun vum David Hasselhoff e groussen Hit war.
1987 konnt de Produzent seng eege Produktiounsfirma White Records etabléieren, 1999 hat en d'Jack White Productions AG gegrënnt. Do war et 2005 de weltwäiten Top-Ten-Hit "Gasolina" vum Daddy Yankee. Am Sträit gouf hien do awer 2007 entlooss an hat doduerch all d'Rechter um ganze Katalog vu Lidder verluer. 2008 hat hien nach eng nei Produktiounsfirma gegrënnt, éiert de White 2014 d'Enn vu senger Karriär annoncéiert hat.
Den Jack White hannerléisst seng Fra Rafaella, vun där hie sech viru Kuerzem getrennt hat, an zwee gemeinsam Kanner. Am Ganzen hat de Museker siwe Kanner.