Lëtzebuergesch Rockgrupp gewënnt 1. Präis beim Trier FilmFest

© Superdrive
2021 hunn de Louis Wright (Surf Cowboys) an de Baba Pintsch (Michael Shepherd Band) d'Rockgrupp SUPERDRIVE gegrënnt.
Kuerz duerno sinn nach den Nico Wegé an de Pol Urbany dobäi gestouss. Power-Rock huet d'Grupp sech op de Fändel geschriwwen an dat ënner anerem als Support vun de SCORPIONS um Luxexpo Open Air 2024 a mam Album GOING DOWN ënnerstrach.
Dëst Joer am Mee hu SUPERDRIVE mat der Single LET GO nogeliwwert, fir déi och e Video realiséiert gouf.
De Video ass an Zesummenaarbecht mam Matteo Orgniani a Loïck Boulet entstanen a konnt net nëmmen de Jury vum Trier FilmFest mä och de Public iwwerzeegen.
De Louis Wright iwwert de Video: “We set out to make something honest – something that feels like the moment you stop fighting the current and just let go.”
De Cinematograf Loïck Boulet beschreift d'Zesummenaarbecht esou: "The collaboration between sound and image on this project was pure synergy. We wanted to visualize the emotional tension of letting go, and I think Matteo’s story captured that beautifully."
Gratulatioun u SUPERDRIVE fir den éischte Präis an der Kategorie "Musekvideo" beim Trier FilmFest.
