Eng sektiounsiwwergräifend Expo, déi sech mat der Geschicht vum Konstrukt Mënsch a Natur ausernee sëtzt.

Am Nationalmusée kann een zanter Juli d'Expo “Land in Motion” gesinn. Unhand vun archeologeschen, historeschen a kënschtlereschen Exponate weist d’Ausstellung wéi sech Mënsch a Landschaft géigesäiteg gepräägt, beaflosst ma awer och geschuet hunn.

D'Expo leeft nach bis den 11. Januar 2026.