R.I.P.Marc Olinger, Doud vun enger Lëtzebuerger Theaterlegend

De Lëtzebuerger Film- an Theaterschauspiller a Regisseur hat eréischt de 6. Januar seng 69 Joer kritt.

De Marc Olinger war fir d'lescht am Stéck "de Rousegaart" vum Jean-Paul Maes ze gesinn. Vum 15. bis den 18. Januar sollt d'Stéck nees am Beetebuerger Schlass opgefouert ginn an duerno nach zu Ettelbréck am CAPE an zu Steesel am Centre culturel.

De Marc Olinger stoung och nach mat enger zweeter Produktioun op der Bühn. Am Ee-Mann-Stéck "Ofgeschminkt" vum Jemp Schuster, dat am Oktober Première hat am Mierscher Kulturhaus, huet hien en eeleren Acteur gespillt, dee vru senger leschter Virstellung op säi Liewen zeréckkuckt. An engem Interview den 22. Oktober op Radio Lëtzebuerg huet hien dobäi och op d'Theaterliewen aus de vergaangene Jorzéngten zeréckgekuckt.

Den Theater fréier an haut (Interview 22.10.2014)



De Marc Olinger gehéiert zu de Pionéier vun der Lëtzebuerger Theaterzeen an hat mat senger Fra Claudine Pelletier den TOL gegrënnt. 1985 gouf hien Direkter vum Kapuzinertheater a blouf 25 Joer laang op där Plaz. Fir de 25. Anniversaire vum Kapuzinertheater huet hie sech 2010 an engem Interview un deemools erënnert.

Den Ufank vum Kapuzinertheater (Interview vum 8.1.2010)



No senger Pensioun huet d'Stad de Klengen Theater mam Groussen Theater um Lampertsbierg fusionéiert.

Op der Theaterbühn huet e grouss klassesch Rollen interpretéiert wéi déi vum Sganarelle am Dom Juan, Argan am Le malade imaginaire oder esouguer de Macbeth vum Shakespeare.

Um grousse Bildschirm war en ë.a. fir seng Kollaboratioune mam Menn Bodson bekannt, wéi z.B. fir "Déi zwee vum Bierg" (1985) oder "De falschen Hond" (1989), oder méi rezent als Schauspiller am "Club des Chômeurs" (2002) oder "Deepfrozen" (2006) vum Andy Bausch. Ze gesi war en awer och a ville franséischen, däitschen a souguer italienesche Produktiounen.

Zesumme mat sengem ale Kompliz Fernand Fox hat en an enger Rei vu Publicitéite fir eng Lëtzebuerger Assurance matgespillt an donieft och d'Kichesendung op RTL Hei-Elei presentéiert.

Marc Olinger mécht Reklamm fir LaLux: Tomb Raider


Marc Olinger mécht Reklamm fir LaLux: Tondeuse a gazon


Marc Olinger mécht Reklamm fir LaLux: Harry Potter


Marc Olinger mécht Reklamm fir LaLux: Terminator


De Fernand Fox huet vum Doud vu sengem Frënd a Kompliz Marc Olinger iwwer de Radio héieren.

Fernard Fox iwwer Doud vum Marc Olinger



Nieft dem Fernand Fox hu sech och vill aner Leit, déi de Marc Olinger kannt hunn, traureg iwwer den Doud vum Acteur a Professer gewisen.

Noruff vum Marc Olinger / Reportage Patrick Greis



Viru senger Carrière op der Bühn war de Marc Olinger 15 Joer laang Franséischproff am Lycée.



FOTOGALERIE: 25 Joer Kapuzinnertheater mam Marc Olinger.

Et war schonn zënter e puer Deeg gewosst, datt de Marc Olinger no enger Häerzattack am Koma wier an awer huet d’Noriicht vum Doud fir grouss Traueregkeet gesuergt.

Doud vum Marc Olinger (09.01.2015)
Buergermeeschtesch a Frënn drécken hiert Bäileed aus.


Communiqué (09.01.2015
Disparition de Marc Olinger – Message de condoléances de la ministre de la Culture
 
C’est avec une grande tristesse que j’ai appris le décès de Marc Olinger.
 
Le monde culturel luxembourgeois a perdu un pionnier qui a eu une influence décisive sur l’évolution du théâtre au Luxembourg, une grande figure qui va manquer à tous ceux et toutes celles qui portent le théâtre dans leur cœur.
 
Acteur, metteur en scène, directeur de théâtre, il est à l’origine de deux établissements théâtrales de la capitale, à savoir le Théâtre ouvert du Luxembourg créé avec son épouse Claudine Pelletier et le Théâtre des Capucins qu’il a dirigé pendant 25 ans.
 
Non seulement talentueux acteur de théâtre, il a également laissé de grands souvenirs en tant qu’acteur et régisseur de film.
 
La passion, l’engagement et l’inlassable travail de Marc Olinger ont profondément marqué le milieu culturel au Grand-Duché. Les jalons qu’il a posés, j’en suis persuadée, vont se perpétuer sur la scène culturelle luxembourgeoise.
 
Sa disparition est d’autant plus douloureuse vu ses nombreux projets en cours notamment dans la pièce Ofgeschminkt et plus récemment encore dans De Rousegaart, dont des représentations étaient prévues au courant du mois de janvier.
 
Il me tient à cœur d’exprimer à sa femme, à ses enfants et à tous les membres de sa famille mes vives condoléances et ma sincère compassion.
 
Communiqué par le ministère de la Culture


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.