Erny GillenDe fréiere Generalvikar huet en neit Buch eraus bruecht

A sengem neie Buch „Wie ein Papst Kurien-Krankheiten heilen kann“ geet de fréiere Generalvikar Erny Gillen de Kurien-Krankheeten op de Fong.

Als Generalvikar huet den Erny Gillen de Bistum an de schwéieren Negociatiounen ëm Trennung vu Kierch a Staat vertrueden. Kuerz dono awer dunn d'Iwwerraschung: Den Erny Gillen trëtt vu senge Funktiounen am Bistum zeréck. Ee vun de Grënn: Hien wéilt sech elo mol de Kurien-Krankheeten widmen, déi de Poopst François kuerz viru Chrëschtdag an senger Usproch ugeschwat hat.

An dat huet den Erny Gillen elo och gemaach: An sengem neie Buch „Wie ein Papst Kurien-Krankheiten heilen kann“ geet de fréiere Generalvikar genau dësen Krankheeten op de Fong. Ma den „oppenen Bréif un de Poopst François“ war awer net de Grond fir de Récktrëtt.

Nom Accord am Kader vun der Trennung vu Kierch a Staat war fir den Erny Gillen lo einfach de richtege Moment komm.

Erny Gillen: Ech hat jo als Generalvikar d'Chance an engem Zäitpunkt an der Lëtzebuerger Kierch kënnen Aarbecht ze leeschte wou vill Verännerungen ustoungen. Wann ee grouss Verännerungen matgemeet huet, dann ass d'Gefor, dass een herno déi Verännerunge géif verteidegen an da géif ech selwer eng Institutioun ginn, an dat wollt ech op alle Fall vermeiden, well d'Zukunft méi frësch ass, wann ee se kann nei ugoen.

De Poopst selwer war ugetrueden, d'Kurie – also d'Administratioun vun der Kierch – ze reforméieren. Ma den Géigewand wier esou enorm gewiescht, datt den Erny Gillen vun enger Zort Schizophrenie schwätzt, enger Vermëschung vu reliéisem Wiesen a Staatswiesen. An déi zwee Gesiichter wieren d'Spëtzt vun der institutioneller Krankheet bannent der Kurie.

A sengem oppene Bréif un de Poopst proposéiert den Auteur dofir eng „Gott ënnert de Mënschen“-Kierch.

Erny Gillen: Den Herrgott ass jo ënnert de Mënschen. Et ass do wou d'Vollek Gottes vu jee hir en erlieft huet, an et ass aus deem Erliewen eraus, wou dann och d'Beweegung vun de Chrëschten entstanen ass, wou d'Beweegung vun de Reliounen entstanen ass. A wann ee kuckt wat d'Reliounen u positivem schonn alles beweegt hunn, ass dat enorm.

Genau dat positiivt Potential misst rëm fräi geschëppt ginn, sou den Erny Gillen. De jéngsten Accord am Grand-Duché wier esou ee Schratt an déi richteg Richtung.

Erny Gillen: Domatten ass eng enorm Chance fir datt déi Kierch sech rëm eng Kéier verflëssegt, datt se sech selwer nach eng Kéier nei op mécht fir sech z'iwwerleeën, wat ass da meng Aufgab. D'Steng vun der Kierch, dat sinn déi lieweg Mënschen, an et geet drëms, datt déi lieweg Mënschen dat wat Jesus hinne mat op de Wee ginn huet, haut probéieren erëm nei ze liewen.

Mat sengem oppene Bréif wëll den Erny Gillen op alle Fall ee kloert Signal a Richtung Roum schécken.

Erny Gillen: Et geet mer schonn drëms fir och aus dem Vollek Gottes eraus vis-à-vis vun dem Poopst en Zeechen ze ginn, fir deem gudde Mann ze soen, du stees net eleng do.

Et wier wichteg, datt d'Stëmm vun deene Leit, déi eng Ännerung wëllen, iwwert déi héich Maueren an de Vatikan era gedroen gëtt, sou den Erny Gillen. „Wie ein Papst Kurienkrankheiten heilen kann“ gouf vun den Editions Saint-Paul publizéiert an ass vun en Donneschdeg 23. Abrëll un um Marché.