Den Auteur an Däitschprofesser Jean Krier ass dout
Wéi d'Tageblatt schreift ass de 64 Joer alen Dichter den 12. Januar schonn, no laanger Krankheet an der Uniklinik zu Freiburg gestuerwen.
De Jean Krier ass e Freideg am enke Famillje- a Frëndeskrees um Briddel begruewe ginn. Den Auteur war ënnert anerem mam Servais-Präis ausgezeechent ginn. 2011 huet d'Servais-Fondatioun hie fir säi Gedichtsband „Herzens Lust Spiele" geéiert.
Am meeschte gelies