© Gemeng Walfer
"Erinnerung - Mémoire" ass de Motto vun den 30. Walfer Bicherdeeg.
E ronne Gebuertsdag fir d'Walfer Bicherdeeg an e Bléck zeréck op d'Ufäng vun der gréisster Bicherfoire zu Lëtzebuerg: Déi 30.Editioun steet ënnert dem Zeeche vun der Erënnerung. Awer och de Bléck no vir, op d'Buch-Neiheete vun der Saison, déi een op de Stänn vun de Verleeg, oder bei de Liesungen an der Maison Dufaing entdecke kann.
Wat et alles neits gëtt, dat gouf bei der Pressekonferenz vum 23.Oktober devoiléiert.
Pressekonferenz Walfer Bicherdeeg 2025 / © RTL/Véronique Soisson
E ganz besonneschen Invité fir d'Gebuertsdagseditioun ass de Sebastian Fitzek. Den Auteur vu méi wéi 20 Thrillere brauch een net méi virzestellen - dat erkläert och, firwat fir seng Liesung vum 14.November leider keng Plaze méi iwwereg sinn!
En aneren Highlight vun de Walfer Bicherdeeg 2025 ass den AI Workshop mat der Claire Barthelemy, de Samschdeg 15.November.
Dernieft gëtt et och dëst Joer nees eng Aussebün, e grousse Programm fir Kanner mat Liesungen, Spektakelen an Atelieren, literaresch Liesungen an der Maison Dufaing, de Workshop "Word in Progress" an der Kaffisstuff an natierlech déi grouss RTL-Dictée um Sonndeg.
















Weider Informatiounen um Site vun de Walfer Bicherdeeg
