"Les murs parlent" mécht däitlech, dass eng Mauer vill méi ass wéi just ee Konstrukt aus Steen, Beton oder Leem.

Wat géinge Maueren erzielen, wa se schwätze kéinten? Dëser interessanter Fro sinn d'Charlotte Escamez an d'Laure Roldàn nogaangen.

D'Resultat vun hire Recherchen, déi si am Libanon a Frankräich an hei zu Lëtzebuerg gemaach hunn, ass d'Theatertséck "Les murs parlent".

Den 23. Oktober hat d'Stéck seng Première am TNL.Do virdru krute mir een Abléck an déi lescht Prouwen.