Chouer verbënnt grouss Jazz- a Swing-Klassiker aus dräi Länner
Amateur-Choristen aus dem Grand-Duché, der Belsch an der Lorraine hu sech zesummegedoen, fir e musikalesche Projet op d'Been ze stellen.
Et geet ëm e Chouer aus dräi Länner respektiv vun dräi Grenzen: "Jazz à 3 frontières". Zesumme mat engem Orchester an zwee Sänger, déi als Solisten op der Bün stinn, interpretéiere si e Repertoire, dee vun Jazz bis bei de Swing geet – Musek, déi verbënnt a keng Grenze kennt.
Dës nei Formatioun gouf eréischt viru kuerzem op Initiativ vu belsche Museker gegrënnt a steet nach um Ufank vun hirer musikalescher Rees. No enger éischter Opféierung zu Thionville am Summer huet de Chouer elo säin zweete Concert zu Metz ginn – an engem aussergewéinleche Kader, an der Kierch Saint-Pierre-aux-Nonnains, engem historesche Gebai dat haut als Kulturplaz déngt.
Mat dobäi: 75 Choristen aus den dräi Länner, zwee Solisten an e Orchester mat 20 Leit aus der Lorraine. D'Evenement gouf vum Institut Européen de Chant Choral de Luxembourg (INECC) ënnerstëtzt, deem säi Direkter Arend Herold och op der Plaz war.
D’Florence Martin, artistesch Directrice vun der Cité musicale-Metz, war direkt begeeschtert vun der Energie an dem kosmopolitesche Geescht vum Chouer. Si huet d’Formatioun fir de Festival "La Cité en fête" invitéiert, wou méi wéi 860 Spectateuren an 13 verschidde kënschtleresch Welte konnten andauchen.
Beim Concert zu Metz gouf Musek aus de 1940er bis 1960er Joren interpretéiert – grouss Jazz-Klassiker, Swing, Musical-Melodien an e bësse brasilianesche Bossa Nova, alles mat engem Touch Lëtzebuerg.