Maison HelerEn Hotel vum Philippe Starck

RTL Lëtzebuerg
D’Maison Heler zu Metz ass eng Kreatioun vum franséischen Designer an Architekt Philippe Starck.
Maison Heler
E besonneschen Hotel zu Metz

Geheimnisvoll Zeechen, ondefinéierbar Géigestänn an d’Gefill iergendwéi an enger anerer Zäit gelant ze sinn, alles dat erwaart een an der Maison Heler. D’Konzept vum Hotel baséiert op eng fiktiver Geschicht vum Philippe Starck: “La Vie minutieuse de Manfred Heler”.

Den Hotel huet 104 Zëmmeren. Nieft de Symboler vum Manfred Heler erkennt een do den zäitlosen Design vum Philippe Starck, deen oft mat Matière wéi Beton Brut, Holz oder Marber schafft.

De Restaurant “La Cuisine de Rose” um Rez-de-chaussée steet fir d’Liebesgeschicht tëscht dem Manfred Heler an dem Rose. Um leschte Stack befënnt sech dann de Restaurant “La Maison de Manfred”, also dem Manfred säin Haus, dat mat sengem “stil messin” am Kontrast zum moderne Betonskonstrukt steet.

D’Maison Heler bitt eng kleng Zäitrees an eng fiktiv, surrealistesch Welt voller Skurrilitéiten. Dobäi kënnt déi zäitlos Ästhetik vum Philippe Starck, déi eng perfekt Bréck baut zu der Modernitéit an der Zukunft.

Kuckt HEI e längere Reportage iwwer d’Masion Heler.

Back to Top
CIM LOGO