An eiser Lecture vun heiheem bleiwe mer déi Kéier net doheem, mä mir ginn direkt zweemol op grouss Rees. Eng Kéier geet et vu Bierden aus mam Camion bis a Kroatien. Déi aner Rees féiert eis souguer nach vill méi wäit, bis an Australien, do wou d’Koalabiere wunnen. D’Bea Kneip stellt Iech de Koala Mampfi an d’Maus Bierdi vir.

AUDIO: 4 Kannerbicher an eng gutt Nouvelle - Bea Kneip

4 Kannerbicher hu mer Iech also haut virgestallt, „Dem Bierdi säi Camion“, awer och déi 3 Bicher iwwert de Koala Mampfi:  „Äppelkuchparty am Eukalyptusbësch“, „De Mampfi ouni Bam“, an de Mampfi  op grousser Faart“.

Déi Bicher ginn et iwwerall ze kafen, dem Bierdi säi Camion kann een awer och um Stand vun der Action pour un monde uni fannen, déi de 5. Juni um Drëttweltdag zu Biekerech dobäi sinn, an de 26ste Juni um Weltmaart zu Diddeleng.