Déi zwou Kandidatinnen aus Lëtzebuerg waren en Donneschdeg den Owend an de Battles vun "The Voice of Germany" gefuerdert.

Allebéid ware se am Team vum Nico Santos an dee ka just 9 vu senge 17 Sängerinnen a Sänger mat an den nächsten Tour huelen.

Dofir ginn et déi sougenannte Battles, wou ee sech géint d'Konkurrenz duerchsetze muss, dat andeems een dat selwecht Lidd performed. A wéi hätt et anescht kënne sinn... d'Luciana an d'Eugenie goufen zesummen an eng Grupp gesat, fir géinteneen unzetrieden. Ma si waren net eleng. Déi däitsch Kandidatin Tina Ruseva gouf mat an dee Battle integréiert.

Den Nico Santos war dann och ganz kreativ bei der Auswiel vum Lidd, dat se sange sollten. Et war "Walk this way" vu Run DMC an Aerosmith. Et ass e Klassiker... deen déi dräi jonk Sängerinnen awer net kannt hunn.

Deemno war den Challenge nach méi grouss.

Um Enn hu se et awer gutt gemeeschtert an eng gutt Performance ofgeliwwert. Den Nico Santos huet sech du mussen entscheeden, wie vun deenen dräi weiderkënnt. Vun engem bis allen dräi wier alles méiglech gewiescht. Et sollt awer just duergoe fir d'Tina. An him gesäit den Nico Santos am meeschte Potential fir de Rescht vun der Sendung.

D'Enttäuschung beim Eugénie Moine a Luciana Da Silva Alves war natierlech grouss direkt no der Sendung, si waren awer allebéid dankbar, dass se déi Erfarung maachen duerften.