Ëmmer méi Kënschtler wiere sech géint den Trump
© AFP & Management Kenny Loggins
De leschte Weekend koum et an den USA zu Protester géint de President Donald Trump. Dëse reagéiert mat engem provokante KI-Video mat Top-Gun-Soundtrack.
Zanter Joren zéie Museker juristesch an ëffentlech Konsequenze géint den US-President, well hien hir Lidder ouni Erlabnis op Rallyen oder a senge Videoe benotzt.
"Danger Zone" – ouni Erlabnis am AI-Video
Den 19. Oktober 2025 huet den Donald Trump e kënstlech generéierte Video op senger Online-Plattform Truth gedeelt, an deem den Hit "Danger Zone" vum US-Sänger Kenny Loggins agebaut gouf. Am Video ass den Trump an engem Kampfjet ze gesinn, wéi hien Exkrementer aus dem Jet gehäit, déi dann op d'Demonstrante fléien. De Video ass d'Reaktioun op d'"No Kings"-Protester, wou de leschte Weekend Millioune Leit an den USA géint de President demonstréiert hunn.
De Kenny Loggins weist sech awer net begeeschtert, dass säi Kult-Lidd fir dëse Video genotzt gouf: "Keen huet meng Erlabnis gefrot, déi ech ëm och net ginn hätt, an ech fuerderen, dass de Video direkt geläscht gëtt. Meng Musek soll net fir Propaganda genotzt ginn."
Den Trump huet sech awer nach net dozou geäussert an de Video ass och ëmmer nach Online. Juristesch kéint et awer Konsequenze ginn, well hei d'Rechter um Lidd verletzt goufen. Bei enger sougenannter "Sync-Notzung", also wann e Lidd an engem Video agesat gëtt, muss ëmmer eng ausdrécklech Erlabnis vum Rechtsbesëtzer virleien.
D'Lëscht gëtt ëmmer méi laang
"Danger Zone" ass just déi rezent Episod an enger ganzer Serie vu Sträitfäll tëscht Museker an dem Trump. Am Summer 2024 huet déi schweedesch Grupp ABBA verlaangt, dass hir Lidder net méi bei Trump-Rallye gespillt ginn. Bei engem Optrëtt zu St. Cloud, Minnesota, gouf "The Winner Takes It All" ofgespillt an dat war de Schweden ze vill. Dat selwecht vu Museker wéi Adele, Céline Dion, Rihanna, Queen, Elton John an The Rolling Stones.
De Kanadier Neil Young iwwerdeems huet den Trump wéinst Verletzung vum Auteursrecht verklot a säi Lidd "Looking for a Leader" als Lidd géint den US-President ëmgeschriwwen. An hien ass net deen eenzegen, dee juristesch géint den Donald Trump virgaangen ass. Och de Bruce Springsteen, de Phil Collins, Linkin Park, dem Tom Petty seng Famill an de Steven Tyler hu mat juristesche Konsequenze gedreet.
Ob den US-President dann an Zukunft besser dorop oppasse wäert, dat ass net gewosst. De KI-Video mam Soundtrack "Danger Zone" huet den Trump bis ewell nach net geläscht.