Vum 24. bis de 26. Oktober 2025 ass se lancéiert, d'Sich no de Kandidate fir de Luxembourg Song Contest 2026.

Wéi heescht et esou schéin - "aller guten Dinge sind 3". An deem Sënn gëtt fir déi drëtte Kéier dee Museker oder Musekerin gesicht, deen de Grand-Duché Mëtt Mee um Eurovision Song Contest d'nächst Joer zu Wien representéiert.

Ma ier et an Éisträich geet, musse sech déi 58 Kandidate wärend den Auditions behaapten. Wien do weiderkënnt, ka sech de 24. Januar 2026 an der grousser Finall an der Rockhal den Ticket fir den ESC 2026 sécheren.

Dräi Krittären hunn all d'Artiste missen erfëllen: entweder d'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, Resident hei am Land sinn zanter op d'mannst 3 Méint oder e Lien mat der Lëtzebuerger Kultur- a Musekszeen hunn. Dës Konditiounen erfëllen d'LSC-Kandidaten a brénge mat hire 17 ënnerschiddlechen Originnen nach eng flott Mëschung mat. D'Opdeelung tëscht de Geschlechter ass quasi gläich.

83 Lidder an der Kompetitioun fir d'LSC-Finall

Wärend den dräi Deeg, an deenen d'Auditiounen am RTL-Gebai lafen, kënnt den internationale Jury an de Genoss vun am Ganzen 83 Lidder. An och hei weist sech nees d'Diversitéit vun eisem Land. 59 Prozent vun de proposéierte Lidder sinn op Englesch, vill Kënschtler gräifen awer och op Franséisch (10 Prozent) a Lëtzebuergesch (7 Prozent) zeréck. Am Ganze goufen ënnert de proposéierte Lidder sechs Sprooche benotzt, zum Beispill och Portugisesch, Spuenesch an Däitsch.

Dëst Joer konnt all Kënschtler mat bis zu dräi Lidder an d'Course goen. D'Joer virdru waren et nach bis zu fënnef. Donieft gouf eng Tëschenetapp etabléiert, déi nei Talenter fërdere soll. Iwwer eng Kontaktlëscht kënne d'Artisten elo och selwer un d'Songwriter eruntrieden.

Kee Contest ouni Jury

Och dëst Joer mussen d'Museker sech virun engem internationale Jury beweisen. Wéi gewinnt handelt et sech ëm Perséinlechkeeten, déi an der ESC-Welt net onbekannt sinn. Si plécke sech aus den ausgewielte Kandidaten déi bescht eraus, fir viru Publikum an der grousser Finall-Show an der Rockhal opzetrieden.

Zwee vun dëse Jury-Membere sinn ënner anerem fir déi wichtegst national Selektioun beim ESC responsabel, en Drëtten ass ESC-Expert an zwee weiderer si selwer Kënschtler an/oder Songwriter.

RTL

D'Karin Gunnarsson ass d'Produzentin vun enger vun de gréissten nationale Selektiounen, dem "Melodifestivalen" a Schweden. 1959 fir d'éischt an d'Liewe geruff a vun der schweedescher Televisiounschaîne SVT organiséiert, geet dës Virentscheedung iwwer e puer Wochen a Form vun Halleffinallen a verschiddene Stied an enger grousser Finall zu Stockholm ofgehalen.

RTL

De Gísli Berg, deen zanter 2019 Member vun der islännescher Eurovisionsdelegatioun ass, ass och Produzent an den Haaptresponsabel fir d'islännesch Selektioun, dem Söngvakeppnin. Dëse gëtt et zanter 1986 a gëtt vun der lokaler Televisiounschaîne RÚV organiséiert. Och hei ginn et verschidde Phase bis den ESC-Kandidat fir Island feststeet.

RTL

De Paul Jordan, och "Dr. Eurovision" genannt, ass e britteschen ESC-Expert. No senger Dokteraarbecht am Joer 2011 an engem ESC-Buch 2014, huet hien tëscht 2014 an 2018 nach hannert de Kulisse vum Concours geschafft. Donieft war hien och nach Member vum internationale Jury fir Frankräich (2019) an Irland (2023).

RTL

Den Numm Ludovic-Alexandre Vidal dierft vläicht méi Leit e Begrëff sinn. Den Auteur an ESC-Fan zanter der éischter Stonn, deen een u sech als Duo zesumme mam Julien Salva kennt, hat scho lescht d'Joer seng Fangeren hei am Land am Spill. Dat mat der Interpretatioun vum Lidd "La Poupée Monte le Son", mat deem de Grand-Duché, gesonge vum Laura Thorn, d'lescht Joer an d'Course gaangen ass.

RTL

Beim Elsie Bay handelt et sech ëm eng norweegesch Singer-Songwriterin mat dem néidege Knowhow an der ESC-Welt. Fënnef Songs huet si scho fir déi norweegesch national Selektioun "Melodi Grand Prix" geschriwwen an ass schonn zwee Mol selwer an d'Kompetitioun gaangen. Si huet awer och scho Lidder fir d'national Selektioune respektiv Finallen an Däitschland a Lëtzebuerg geschriwwen, dorënner ënner anerem "Drowning in the Rain", dat d'Krick gesongen hat.

Wéini gëtt ee gewuer, wie weiderkënnt?

Wie sech ënnert den 58 Artisten an hiren 83 Songs duerchsetzt, dat gëtt schonn den 30. Oktober op all den RTL-Plattformen annoncéiert. Dono heescht et fir si üben, üben an nach emol übe fir d'Finall de 24. Januar, wou ee sech dann nees op eng mega Show freeën dierf.

De Gewënner vertrëtt Lëtzebuerg an der ESC-Finall vum 12. bis de 16. Mee zu Wien an Éisträich.