Et ass den éischte Lycée am Land, deen dëse Projet leet: “Liesloscht”, bei deem d'Kanner all Dag sollen 10 Minutte liesen.

Als Upassung vun der ursprénglech franséischer Initiativ “Silence, on lit!” ass de Liesprojet och an de Lëtzebuerger Schoulen ukomm. Am Lycée Michel-Rodange ass en zënter dësem Schouljoer offiziell lancéiert, schonn zejoert gouf en an de Sproochecoursë getest.

Konkret heescht dat, dass Liesen an de schouleschen Alldag integréiert gëtt. Esou si fir all Dag 10 Minutten ageplangt, bei deene just gelies gëtt, an dat gëllt fir souwuel d’Schüler vun all Klass, ewéi och all d’Enseignanten. Do ka sech jiddereen dat Buch eraussichen, wat e wëll, et sollt just kee Buch sinn, dat och um Schoulprogramm steet. Soss wier de Choix fräi, an d’Schüler hätten och d’Méiglechkeet, e Buch an der Schoulbibliothéik auszeléinen.

Et wier eng Method, fir de Kanner d’Liese méi no ze bréngen, an dass si mierken, dass dës Aktivitéit Spaass mécht. Eng Rei Virdeeler si mat Liese verbonnen, déi vum Ecran soss net offréiert ginn: Engersäits schwätzen d’Enseignante vun enger Verbesserung vun der Konzentratioun, ewéi och vun der Mediekompetenz. Anerersäits ass riets vu Bildung a Kultur, ewéi och der psychescher Gesondheet, wat alles géif vum Liesen ënnerstëtzt ginn.

Bei der Visitt vum Educatiounsminister Claude Meisch gouf am Lycée e kuerzt Theaterstéck opgefouert, fir de Projet virzestellen. Duerno hunn dräi Schülerinnen hire schouleschen Instagram-Account gewisen, bei deem et reng ëm Bicher geet.

Nach op aner Manéiere gëtt d’Liese gefuerdert am Lycée Michel-Rodange: mat Lies- a Virliesconcoursen, engem Besuch op de Walfer Bicherdeeg an der Frankfurter Buchmesse. E “Book Club” steet och op der Lëscht vun Aktivitéiten.

D’Iddi, d’Liesen an de Schoulen ze promouvéieren, ass net nei. “Déi franséisch Organisatioun, déi de Projet verwalt, déi huet och net domat ugefaangen. An der Tierkei war et schonn an enger Schoul virun iwwer 20 Joer, mëttlerweil ass et an enger ganz Partie Länner, wou d’Schoulen dat maachen. Mir sinn awer déi eenzeg Schoul hei zu Lëtzebuerg,” esou de Jean-Claude Hemmer, Direkter vum LRML.