Nei um Bichermaartd'Pippi geet u Bord

Vum Astrid Lindgren. Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Melissa Westerlund-Monnet. Illustratioune vum Ingrid Vang Nyman.

"Prinzessin Pippilotta! Wat e Liewen! Wat e Glanz! A wat ech danze wäert! D'Prinzessin Pippilotta danzt am Liicht vum Lagerfeier an zu den Téin vun Trommelen! Oh, wat mäi Rank an der Nues Kaméidi wäert maachen!"

"Wéini ... wéini ... fiers du?", freet den Tommy. Seng Stëmm kléngt e bësse raschteg.
"D'Hoppetossa hëlt muer den Anker eran", seet d'Pippi.
Déi dräi Kanner stinn eng Zäit laang do, ouni eppes ze soen. Et schéngt näischt méi ze ginn, dat ee soe kéint.

Den Tommy an d'Annika sinn traureg, well d'Pippi, hir bescht Frëndin, mat sengem Papp Efraim Laangstrëmp fir ëmmer op d'Kurrekurreduttinsel segele wëll, wou den Efraim Kinnek ass. Geléngt et dem Tommy an dem Annika, d'Pippi a leschter Minutt ëmzestëmmen?

D'Pippi ass op der ganzer Welt bekannt ‒ ob als Pippi Långstrump, als Pippi Langstrumpf, Pippi Longstocking, Fifi Brindacier, Bibi Meia-Longa oder Pippi Calzelunghe. Elo läit den zweete Band vun der berühmter Kannerbuch-Trilogie vum Astrid Lindgren fir d'éischte Kéier op Lëtzebuergesch vir.

D'Astrid Lindgren (1907-2002) ass déi bekanntst Kannerbuchautorin vun der Welt. Hir dräi Bicher mam "Pippi Långstrump" huet si tëscht 1945 an 1948 geschriwwen. D'Astrid Lindgren gouf ë.a. mam Friddenspräis vum däitsche Buchhandel a mam Alternativen Nobelpräis ausgezeechent.

D'Melissa Westerlund-Monnet, 1988 an der Stad gebuer an zu Téiteng opgewuess, huet no hirem Bachelorstudium zu Edinburgh (Englesch Literatur a Skandinavesch Studien) eng Formatioun als Enseignante a Schweden gemaach. Si schafft selbstänneg als Dolmetscherin an Iwwersetzerin.

d'Pippi geet u Bord. Vum Astrid Lindgren. Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Melissa Westerlund-Monnet. Illustratioune vum Ingrid Vang Nyman. Gebonnen, 16,5 x 21,5 cm, 136 Säiten. Präis: 20 €. ISBN: 978-99959-2-016-6.
An de Librairien an op www.editions.lu .

Och ze kréien:

d'Pippi op Lëtzebuergesch. Vum Astrid Lindgren. Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Melissa Westerlund-Monnet. Gebonnen, 16,5 x 21,5 cm, 112 Säiten. Präis: 20 €. ISBN: 978-2-87963-999-4. An de Librairien an op www.editions.lu.