Zwee Owender voller Intensitéit an Intimitéit

© Philharmonie Luxembourg – Alfonso Salgueiro
Den Nick Cave huet an der Philharmonie zwee Solo-Concerte mam Bassist vu Radiohead gespillt, an de Public net just mat sengem musikaleschen Talent begeeschtert.
Zwee Owender hannerteneen - alle béid ganz séier ausverkaf - huet den Nick Cave jeeweils méi wéi zwou Stonne laang an der Philharmonie gespillt. Net mat senger Band "The Bad Seeds", mee an enger bewosst reduzéierter Formatioun: hien eleng um Fligel, begleet vum Bassist Colin Greenwood vu Radiohead.

© Philharmonie Luxembourg – Alfonso Salgueiro
E Konzept, dat méi wéi stëmmeg war. Den Australier huet haaptsächlech mat senger markanter Stëmm, sengem Charme a senger Interaktioun mam Colin Greenwood fir eng aussergewéinlech Stëmmung an der Philharmonie gesuergt. De Public konnt e Kënschtler erliewen, deen eng ideal Balance geschafen huet tëscht der Komplexitéit vu sengen Texter an enger ganzer Partie Humor an Anekdoten.

© Philharmonie Luxembourg – Alfonso Salgueiro
Den Australier huet ëmmer erëm de Kontakt mam Publikum gesicht, engem jonke Spectateur d'Lidd "Higgs Boson Blues" dediéiert oder d'Leit op de Balcone vun der Philharmonie gedoe bei "Balcony Man" euphoresch an d'Luucht ze sprangen a Kaméidi ze maachen. Um Enn vum Concert war kloer, déi zwee Owender an der Philharmonie ware keng grouss Rockshowen, mee intensiv Rencontere mam 67 Joer ale Museker, deen et versteet, de Raum tëscht Bün a Public mat puerer Presenz ze fëllen.