Véier Lëtzebuerger Danzproduktioune stoungen am August um Haaptprogramm vum Edinburgh Festival Fringe.

All Joers am August verwandelt den Edinburgh Festival Fringe déi schottesch Haaptstad an eng eenzeg Bün.

Wat 1947 ganz bescheiden mat 8 Theatergruppen  ugefaangen hat, huet sech zum weltwäit gréisste Festival fir duerstellend Konscht entwéckelt.

Dëst Joer, am Kader vun der 78. Editioun vum Festival, haten dausende vun Artisten aus 62 Länner zu Edinburgh hir Performancë presentéiert – an och Lëtzebuerg war nees vertrueden. Des Kéier mat véier Danzproduktiounen.