Les Rencontres d'Arles
D'Lëtzebuerger Kënschtlerin Carine Krecké stellt dëst Joer an der Chapelle de la Charité aus mat hirem Projet "Perdre le Nord".
Et ass zu Arles an der Provence wou all Summer d’Fotografie mat all senger Diversitéit am Mëttelpunkt steet. Ob Perséinlech, historesch oder gesellschaftlech Themen, d’Rencontres sinn haut ëm sou méi eng wichteg Plattform fir sech fräi auszedrécken an enger Welt wou Grenzen, Krich a Gewalt omnipresent sinn. D’Fotografie schafft e Bewosstsinn fir Realitéiten. Dobäi ginn Diversitéit vun de Kulturen, de Genren an den Originnen zelebréiert. Indigen an net indigen Kënschtler aus Australien treffen op zäitgenëssesch Fotografen aus Brasilien. Déi 56. Editioun vun de Rencontres d’Arles steet dëst Joer ënnert dem Thema « Disobedient images », also widderspensteg Biller. 47 Ausstellunge stinn um Programm vum Festival an dat op 27 verschidde Plazen an der historesche Stad Arles. En historescht Monument ass och d’Chapelle de la Charité, déi Plaz wou zënter 2017 d’Lëtzebuerger Ausstellunge sinn. D’Carine Krecké weist hei dëst Joer hire Projet mam Titel «Perdre le Nord». 2018 ass si op Google Maps zoufälleg op eng Serie vu Satellittebiller aus Syrien gestouss. An d’Kënschtlerin huet hei eng ganz frappant Decouverte gemaach. Ob eng obsessiv Manéier mécht sech d’Carine Krecké an der digitaler Welt op d’Sich no de Realitéiten ronderëm de Krich a Syrien. Si gëtt Deel vu Reseauen a Plattformen a kommunizéiert esou mat Leit vun dohannen. Deels eng ganz heikel an och riskant Prozedur, ma d’Kënschtlerin wollt verstoe wat zu Arbin a Syrien passéiert.
Déi ganz Sendungen vum Passepartout am Replay