"Konschtfräiheet a politesch Haltung musse getrennt bleiwen"

An der Kontrovers ëm Optrëtter vun engem Dirigent an engem Orchester aus Israel huet de Kulturminister Eric Thill e Freideg Positioun bezunn: D'Optrëtter bleiwen.
D'Münchener Philharmoniker an den Israeelesche Philharmoneschen Orchester, béid ënnert der Leedung vum israeeleschen Dirigent Lahav Shani, wäerten an den nächste Wochen zu Lëtzebuerg optrieden. Dat confirméieren d'Philharmonie an och de Kulturministère.
"Please reconsider your monstrous decision"
De geplangten Optrëtt zu Lëtzebuerg war an der Lescht vu Pro-Palästina-Aktiviste kritiséiert ginn. RTL war a Kopie vun esou enger E-Mail den 1. September un d'Philharmonie. Doran housch et:
Is it even possible that Luxembourg will host the Israel Philharmonic Orchestra on the 9th of November 2025.? I can't believe it. [...] I have also read that some of the sponsors are on a UN blacklist for supporting illegal West Bank settlement expansion. Does the Luxembourg Philharmonie now directly support the murdering of Palestinians and the burning of their homes?
Israel is committing a genocide in Gaza and also the West Bank - Israel is starving the entire population to death, in addition to maiming, mutilating, shooting and bombing Palestinians daily - causing unbelievable suffering, terror and agony to babies, children and innocent civilians while they die. Have you not seen this yourself?
It can't be possible that the Philharmonie in Luxembourg will celebrate and welcome those committing the most abhorrent cruelty, war crimes and crimes against humanity of our generation. Why are you celebrating this bloody genocide? I find this absolutely abhorrent, disgusting and criminal.
Hosting an orchestra which represents a genocidal state is utterly shameful. Please reconsider your monstrous decision.
"Ce concert [...] est strictement un événement musical"
D'Philharmonie huet op RTL-Nofro op d'E-Mail mat Versteesdemech fir d'Situatioun an der Gazasträif reagéiert, gläichzäiteg awer betount, datt de Concert e "streng musikaleschen Evenement" wier:
Nous sommes pleinement conscients que la situation actuelle dans la région soulève des préoccupations humanitaires et politiques importantes. Ce concert, cependant, est strictement un événement musical, présenté dans un cadre exclusivement artistique, sans présence de figures politiques, de messages institutionnels ou de prises de position.
Nous restons attentifs au contexte plus large ainsi qu’à la diversité des sensibilités de notre public. Nous respectons profondément les préoccupations exprimées par celles et ceux qui pourraient percevoir cette programmation de manière critique.
L’Israel Philharmonic Orchestra, reconnu internationalement pour son excellence artistique, s’est déjà produit à la Philharmonie en 2007 et 2011. Sa venue en 2025 s’inscrit dans notre mission d’accueillir des voix musicales du monde entier et de placer l’art au cœur de la rencontre humaine.
Dans le cadre de sa tournée européenne, l’orchestre se produira également à Cologne et à Paris.
Dans cet esprit, nous continuerons à faire de la Philharmonie Luxembourg un espace d’ouverture, de dialogue et de pluralité, en restant à l’écoute des questions et préoccupations soulevées par notre public.
Belsch decidéiert, Minister reagéiert
Ravivéiert gouf den Debat ëm den Dirigent an den Orchester aus Israel, nodeems en Donneschdeg am belsche Gent d'Münchener Philharmoniker vun engem Festival ausgeluede goufen, well hiren Dirigent eeben och Dirigent an Israel ass a sech net genuch vun der israeelescher Politik distanzéiert hätt – eng Entscheedung, déi deels och schaarf kritiséiert gouf.
En Donneschdeg war an deem Kontext och eng Demo vun der Gruppéierung Collectives4Palestine virun der Philharmonie um Kierchbierg mat enger änlecher Fuerderung, nämlech datt de Concert vum Israeelesche Philharmoneschen Orchester zu Lëtzebuerg misst wéinst dem Virgoe vun der israeelescher Regierung a Gaza ofgesot ginn.
Nee, schreift de Kulturminister Eric Thill e Freideg op Facebook. D'Concerte wäre reng musikalesch, ouni staatlech Messagen a Symboler. D'Konscht stéing am Mëttelpunkt: "Fir mech gëtt et eng kloer Trennung tëscht Konschtfräiheet a politescher Haltung. De Ministère mëscht sech net an d‘Programmatioun vu senge Kulturhaiser an - dës Onofhängegkeet ass eng Grondlag vun eiser Lëtzebuerger Kulturpolitik."
Weider heescht et a sengem Post: "Mir wëllen als Land vum Dialog a vun der Diversitéit grad an dësen usprochsvollen Zäite mat der Kultur do Brécke bauen, wou d’Politik Grenzen zitt. Eng Ofso ënner politeschem Drock géif de Prinzip vun der Konschtfräiheet a Fro stellen an d’Kënschtler kollektiv fir d‘Politik haftbar maachen. Dat ass net eise Wee."