Et ass net déi éischte Kéier, dass et wéinst der ëmstriddener Participatioun vun Israel bei der Eurovisioun Kritik gëtt an d'Richtung vun den Organisateuren.

Schonn 2024 hate verschidde Journalisten an och Kënschtler den Ausschloss vun Israel gefrot. Bis Mee dauert et bekanntlech nach, dann ass déi nächst Editioun vum internationale Museksconcours zu Wien an Éisträich, ma elo schonn heefe sech d'Kriticke ronderëm den ESC respektiv d'Participatioun vun Israel.

Dës Kéier ass et Irland. D'Land huet e Freideg bekannt ginn, sollt Israel wéi geplangt matmaache beim Eurovision Song Contest 2026, de Concours wëllen ze boykottéieren. Ma och aner Länner zéien no.

Holland respektiv de Fernseesender Avrotros huet sech ugeschloss. De Sender kéint d'Participatioun vun Israel "am Hibléck op déi undauernd a schwéier mënschlech Leiden a Gaza net méi veräntweren", wéi et an enger Erklärung heescht. Weider Grënn wieren dat "fundamentaalt Aushielege vun der Pressefräiheet" duerch Israel, dass international onofhängeg Reporteren ausgeschloss ginn a Journalisten am Gazakrich hiert Liewe loossen. Holland reprochéiert der israeelescher Regierung donieft, hir Participatioun d'lescht Joer als politescht Instrument benotzt ze hunn.

Kritesch geäussert hu sech awer och Slowenien, Island a Spunien. Sollt Israel dobäi bleiwen, wéilte si sech zeréckzéien, respektiv et consideréieren.

Den éisträichesche Sender ORF hat allerdéngs schonn ausgesot, dass si kloer fir d'Participatioun vun Israel sinn. No senger Victoire hat den JJ, Gewënner vum Eurovision Song Contest 2025, jo scho wéinst verschiddenen Aussoe géint eng Israel-Particiaptioun eng Debatt ausgeléist. De Sänger huet seng Aussoen dono misse relativéieren, well d'EBU op politesch motivéiert Fuerderungen net géif agoen.

Fir d'Zouloosse vun de Länner beim ESC ass offiziell d'Europäesch Rundfunkunioun (EBU) zoustänneg.