"Vulture City" vum Luc François

© RTL/Bea Kneip
Dëse Weekend steet de Forum Geesseknäppchen mat der Luxcon nees ganz am Zeeche vun Science Fiction a Fantasy. An ëm Fantasy geet et elo och an eiser Lecture vun heiheem. D’Bea Kneip huet sech mam Luc François, engem jonke Lëtzebuerger Fantasy-Auteur, iwwer säin neit Buch Vulture City an iwwert d’Fantasy am allgemengen ënnerhalen.
"Vulture City" vum Luc François ass am Dezember als Buch op Däitsch an och als CD erauskomm. Weider Informatiounen fënnt een op www.mindpatrol.net

© Luc François/Stéphane Pianon
De Luc François, 1993 zu Lëtzebuerg gebuer, schreift zënter sengem 13te Liewesjoer Fantasy-Romaner. Bis elo op Däitsch erauskomm: "Der Dämon der Monde" (2009), "Dorns Schlaf" (2012), "Downfall Theatre" (2013), "Mein ewiger Winter" (2016) an "Vulture City" (2017). Ausserdeem ass hien och um Internet-Blog "New Literary Voices" aktiv an ass de Sänger vun der Metal-Formatioun Mindpatrol.