"CHIEN 51" vum Cédric Jimenez
Mat sengem néien dystopeschen Thriller "CHIEN 51" kuckt de Jimenez an d'Zukunft a beschäftegt sech mat der kënschtlecher Intelligenz.
An enger noer Zukunft ass Paräis an dräi Zonen ënnerdeelt, dräi Territoiren, déi di Räich vun deenen Aarmen a vun der Mëttelklass strikt trennen. An dëser Welt huet di kënschtlech Intelligenz mam Numm ALMA, ganz am Sënn vun engem Orakel, d'Aarbecht vun der Police revolutionéiert an d'Kriminalitéit drastesch verréngert.
No engem kalbliddege Mord um Grënner vum ALMA geroden zwee Polizisten aus zwou verschiddenen Zonen an d'Spiral vun enger Konspiratioun. CHIEN 51 ass en dystopesche Thriller, deen um Roman vum Laurent Gaudé baséiert ass.
Genee wéi am Mafia Film LA FRENCH, dee sech an de 70er Joren ofspillt, geléngt et dem Realisateur Cédric Jimenez net nëmmen, eng kredibel ma och eng spektakulär Welt an d'Liewen ze ruffen. CHIEN 51 ass op visuellem Niveau extrem ambitiéise Kino, dee mat enger energescher Mise en scène fir spannend Ënnerhalung suergt.
Et ass awer op der Säit vun der Dramaturgie, wou dëse Science Fiction Film net u seng ästhetesch Glanzleeschtung erukënnt. D'Intrig ass ze vill didaktesch, linear a previsibel ugeluecht an d'Personnagë sinn all nawell eesäiteg a ginn domat der Komplexitéit vum Sujet ni wierklech gerecht. CHIEN 51 hätt vill kënnen iwwer d'Gesellschaft aussoen – iwwert Iwwerwaachung, Technologie, Muecht, Kontroll – mee schlussendlech gëtt d'KI einfach verdäiwelt a bleift en abstrakten Antagonist, an domat verléiert di ganz Geschicht an hir moralesch Dimensioun nawell u Bëss.
Mat CHIEN 51 huet de franséische Kino deemno e spektakuläre Science-Fiction Film ervirbruecht, deen trotz engem raisonnabele Budget vu 40 Milliounen Euro weit iwwert dem aktuelle Niveau vun den Hollywood Blockbuster leit.