Wuel kee vun de Fondateuren hat 1995 mat sou engem Succès gerechent.

Well se dovu genervt waren, fir Concerten ëmmer mussen an d'Ausland ze fueren, hate véier Kolleege virun 30 Joer eng Iddi. Si hunn eng Hal an der Hollerecher Strooss gelount mam Zil Musekskënschtler op d'Lëtzebuerger Bün ze bréngen.

1995 huet "Den Atelier" seng Dieren opgemaach. Haut ass den Atelier wäit méi, ewéi just e Concertssall. Eng 150 Concerten pro Joer organiséiert d'Ekipp ronderëm de Matgrënner Laurent Loschetter, dee virun 30 Joer net mat sou engem Succès gerechent hat.

"Mir wollten einfach mol 1 Joer Spaass hunn", seet deen, dee mëttlerweil mat verantwortlech ass fir sëllege Festivals, Open Air Concerten an aner grouss Events, sou wéi rezent den Trounwiessel.

Ma och no sou ville Joren am Veranstaltungssecteur wier den Highlight nach ëmmer de Patt mat de Mataarbechter no enger gelongener Show.

An deem Kontext war och e Freideg den Owend e besonnesche Moment fir d'Ekipp vum Atelier. Dës huet nämlech den 30. Anniversaire zesumme mat Frënn, Famill an e puer Invitéen an der Hollerecher Strooss gefeiert.

Mat ënner anerem där Stater Buergermeeschtesch, déi och 1995 schonn emol op deem Poste war an et net bereit, d'Jongen deemools an den Ufanksstonne vum Atelier ënnerstëtzt ze hunn. A mat der Musekerin Beth Ditto op der Bün, déi d'Leit am bekannte Concertssall um Freidegowend zum matsangen an danze bruecht huet.