Zënter 25 Joer kreéiert de Claude Schmitz scho Bijouen aus Edelmetaller. All Bijou ass e Konschtwierk fir sech an erzielt seng eege Geschicht.

An der Galerie Orfèo an der Stad weist de Kënschtler an Designer mat senger Expo "Forget me not", wat hien a 25 Joer geschaaft huet.

Mat der Expo "Forget me not" weist de Kënschtler an Designer Claude Schmitz, wat 25 Joer Konschthandwierk am Beräich vun de Bijoue fir hie bedeit. Et soll net als eng klassesch Retrospektiv gesi ginn, well de Claude Schmitz ass schliisslech nach aktiv. Fir den Titel vun der Expo huet hie sech un enger Brosch inspiréiert wou "Vergissmeinnicht" drop ze gesi sinn.

D’Expo weist dann och déi grouss Panoplie vu sengem Schafen. Eng erkennbar Ästhetik, wou all Bijou seng Geschicht erzielt. De Claude Schmitz huet zu Antwerpen op der Konschtakademie studéiert an huet och do de Beruff vum Goldschmatt geléiert. Bis haut ass hien den traditionelle Materialien trei bliwwen.

Vu méi onkonventionelle bis konzeptuelle Bijouen, bis hin zu skulpturalen Ëmsetzungen. De Claude Schmitz huet seng individuell Approche fir d’Kreatioun vu senge Bijouen. Bijouen, déi een och méi am Alldag droe kann, sinn awer genau sou Deel vum Claude Schmitz senger Aarbecht.

Dem Claude Schmitz seng kleng a mol méi grouss Welten a Form vu Bijoue kann een nach bis den 8. November an der Galerie Orfèo an der Stad gesinn.