Lëtzebuerger Gilles Reuter bei "Wer stiehlt mir die Show?"

© Julian Mathieu
Scho fir déi 10. Editioun stellt de Joko Winterscheid nees d'Fro, "Wer stiehlt mir die Show?". An dëst Joer huet souguer e Lëtzebuerger d'Chance dorop.
Dem Joko Winterscheidt seng Quiz-Show "Wer stiehlt mir die Show?" geet den Owend um 20.15 Auer an déi 10. Staffel. Mat als Kandidaten den Olli Dittrich, d'Karoline Herfurth an dem Olli Schulz.
An all Show ass jo och e Wildcard-Kandidat derbäi. An dat ass den Owend de Gilles Reuter, dee gebierteg vum Wuermer Bierg ass. Ugemellt gouf den 38 Joer ale Lëtzebuerger vu senge Kanner, wéi een an engem Video op sengem Instagram gesi kann. Déi zwee wollten hire Papp "e bësse iergeren".
Packt de Gilles Reuter et sech géint d’Konkurrenz duerch ze setzen, dierf de Gilles nächste Sonndeg d’Emissioun presentéieren. Bis dohinner muss hie sech awer géint déi 3 aner behaapten an engem Spill, dat eng Mëschung tëscht Quiz an Action ass.
Um Méindeg de Moien tëscht 8.30 an 9 Auer zielt de Gilles Reuter dann och beim Dan Spogen am RTL Wecker um Radio, wéi hien dës Show erlieft huet.