Mat 48 Joer gestuerwen
Limp Bizkit trauert ëm hire Bassist Sam Rivers

© AFP
D'Nu-Metal-Band Limp Bizkit huet ee vun hire Grënnungsmembere verluer.
De Bassist Sam Rivers ass e Samschdeg am Alter vun nëmmen 48 Joer gestuerwen, wéi d'Band an engem emotionale Post op Instagram matgedeelt huet.
Et hätt een e Brudder verluer, wéi et am Post heescht. Hie wier net just e Bassist gewiescht, "hie war puer Magie. De Bols bei all Lidd, d'Rou am Chaos, d'Séil am Sound".
Eng offiziell Doudesursaach gouf net genannt.
Am meeschte gelies