An eiser Lecture vun heiheem si mer haut am 15te Jorhonnert ënnerwee, der Zäit vum honnertjährege Krich. Den Alain Atten huet sech laang an intensiv mat der Epoque beschäftegt, a ganz besonnesch mat enger Perséinlechkeet: Der Jeanne D'Arc. Si kënnt och a senger neier Novelle "Alle véierzéin" vir. D'Bea Kneip huet sech mam Alain Atten doriwwer ënnerhalen.

AUDIO: Lecture vun heiheem: "Alle véierzéin" vum Alain Atten

D'Novelle "Alle véierzéin" vum Alain Atten mat Illustratiounen vum Luana Maggipinto a Fotoen vum Tom Poull  ass an der Rei Kanephora bei Kremart Edition erauskomm.

An dëser Geschicht spillt d'Jeanne d'Arc just eng Nieweroll. Am Mëttelpunkt steet hire Pätterchen, de Colinot, den als Kand vu senger Famill getrennt gouf, a vun enger Lëtzebuerger Kréimerkoppel opgeholl gëtt.  D'Liss an de Pitter fannen hien, doudkrank, op der Strooss an huelen e mat, dee ganze Wee bis bei sech heem, op Berbuerg. D'Gléck ass awer net vu laanger Dauer. De Colinot fënnt déi zwee dout an hirem Bett, wéi et schéngt, goufe se vergëft. An de Colinot selwer geréit ënner Verdacht, obwuel hien nach e Kand ass. A well en aus dem Louthrengesche kënnt, an enger aner Sprooch schwätzt, kann en sech och net wieren. Zum Gléck ass d'Schlassfra op senger Säit an esou kann en op der Buerg en neit Liewen ufänken. Jore méi spéit erënnert en sech un all dat, iwwerdeems en op Wonsch vun der Schlassmeeschtesch  d'Käpp vun de véierzéng Nouthelfer fir en neien Altor schnëppelt. Nach weess en net, dass déi véierzeng och him an der Nout wäerten hëllefen. De Colinot ass beileiwe kee fiktive Personnage och wa seng Geschicht sou wéi se hei verzielt gëtt zum groussen Deel erfonnt ass.

Och den Altor vun den Nouthelfer gëtt et wierklech, et kann een en an der frësch renovéierter Kierch zu Buddeler bewonneren.
Vun historesche Romaner oder wéi hei, Novellen, seet ee jo gären et kréich een iwwert dem Liesen d'Gefill an déi Zäit zeréckversat ze ginn. Dat ass wuel dacks net vill méi wéi eng Floskel, mä hei ass et tatsächlech esou. De Alain Atten huet all Detail minutiéis recherchéiert, an als Linguist huet en sech och fir d'Sprooch interesséiert, sou wéi se deemools geschwat gouf.
 Fir dëst Buch soll een sech Zäit huelen, well an déi al Miseler Sprooch muss een sech eraliesen. Dobäi hëllefen engem Foussnouten, den Unhang um Enn vum Buch, an natierlech d'Illustratiounen vun der jonker Kënschtlerin Luana Maggipinto.

Et gëtt wuel kaum een Expert den esou villes iwwert d'Jeanne d'Arc, oder d'Rinotte, wéi de Colinot seng Gued nennt, ze ziele weess wéi den Alain Atten. Hien wonnert sech zum Beispill firwat wichteg Personnagen aus hirem  Ëmfeld, wéi zum Beispill, de Pater Jang, hire geeschtleche Mentor,  vu villen Historiker lénks leie gelooss ginn"Alle véierzéin" ass net just eng spannend Geschicht aus dem Mëttelalter. Wie wëll, ka villes bäiléieren, iwwer Sprooch, Geschicht, a souguer déi technesch Aspekter vum Holzschnëppelen. A wéi den Alain Atten a sengem Virwuert schreift: "Ech hoffen, dir verstitt - Dir verstitt déi Leit déi ech hei héiere schwätzen."

RTL

Den Alain Atten bei der Buchvirstellung an der Kierch zu Buddeler / © RTL/Bea Kneip