Bis e Sonnde kann ee vun de Rotonden organiséiert en Zirkusprogramm vum Trupp Be Flat an de Konviktsgaart kucke goen.

De Belschen Trupp Be Flat huet sech drop spezialiséiert, Zirkus op éischter ontypesche Plazen opzeféieren. Am Konviktsgaart weise si dëse Weekend hiren neie Programm "Living", eng humorvoll Show matzen am Restaurant vum betreite Wunnheem. Esou wëll een och déi Leit mat abannen, déi sos eventuell net vun enger kultureller Offer profitéiere kënnen.

Et gëtt Akrobatik opgefouert, Musek gemaach, a versicht, d’Leit mat lëschtegen Elementer ronn 40 Minutten ze ënnerhalen. 10 Memberen zielt den Zirkustrupp Be Flat, deen 2017 gegrënnt gouf. Zesumme reese si duerch Europa a weisen hir Stécker op deenen ënnerschiddlechste Plazen. Deementspriechend gëtt vill in situ geschafft a sech dem Lieu ugepasst, erzielt ee vun de Grënner an Artist Ward Mortier:

"On utilise les éléments qui sont particuliers d’ici. Les tables, les rideaux, les fenêtres et on fait on surprend les gens avec ce qu’ils n’entendent pas du quotidien. On va explorer ça et en suite le présenter en forme ludique et participative."

Living ass e sozialen Zirkusprogramm, deen all méiglech Leit zesummebréngen a verbanne soll. Mat hirer Aarbecht wëllen d’Artisten den Drock aus dem Alldag eraushuelen a mat Liichtegkeet un d’Liewen erugoen.

"Le propos artistique c’est vraiment de montrer aux gens que tout est possible et que des fois ça fait du bien de sortir de la case et de se dire: même dans les situations quotidiens c’est ok de faire des choses qui sont hors la norme."

Dass Be Flat elo hei zu Lëtzebuerg optrëtt, gouf vun de Rotonden organiséiert. Si hu schonn ëfters mam Trupp zesummegeschafft a wollten elo och deenen eelere Leit d’Méiglechkeet bidden, Zirkus bei sech doheem ze erliewen, esou de Produktiounsassistent Philip Michels:

"Dat Ganzt ass e bëssen hannert dem Hannergrond gewuess, dass mer wollten e bëssen eng aner Clientèle an aner Spectateuren uschwätzen. Mir hunn natierlech och en eelere Publikum bei eis an de Rotonden, mee virun allem maache mer éischter Saache fir Kanner an dat hei war eng Demarche, fir och méi al Leit unzeschwätzen an amplaz dass mer déi eeler Leit dozou bréngen, bei eis an d‘Rotonden ze kommen, komme mir hei hinner."

De Spektakel ass awer net nëmme fir d’Awunner vum Konvitsgaart geduecht. Jidderee kann nach bis e Sonnde "Living" vu Be Flat erliewen. D’Awunner aus dem Konviktsgaart dierfe gratis laanscht kommen, all aner Persoun brauch en Entréesticket. Weider Informatioune fannt Dir hei.