Um Freideg waren 13 Kandidatinnen a Kandidate bei The Voice of Germany 2025 gefuerdert, dorënner och zwee Lëtzebuerger.

Schonn d'lescht Woch stoung dat 18 Joer jonkt Luciana Da Silva Alves op der Bün. "No More Drama" vum Mary J. Bliges konnt iwwerzeegen an nieft dem Nico Santos waren et och nees de Michi Beck an de Smudo déi sech ëmgedréint hunn. D'Luciana huet sech fir den Nico Santos entscheet, nodeems deen esouguer extra fir d'Luciana gesongen huet, fir et z'iwwerzeegen.

Luciana

Den Andrea Galleti (31) huet sech un e Lidd vum Adele getraut. Mat senger Versioun vun "Rolling In The Deep" konnt hien de Jury iwwerzeegen, well et hu sech mam Rea Garvey, grad ewéi dem Duo Michi Beck a Smudo direkt zwee Coaches ëmgedréint. Den Andrea huet sech um Enn fir de Rea Garvey entscheet.

D'Eugenie Moine (21) hat als Kand panesch Angscht viru Mikroen an huet an der Schoul beim Sangen och ëmmer just sou gemaach wéi wann. Elo stoung et bei The Voice op der grousser Bün an huet New Rules vum Dua Lipa gesongen. Et war de leschte Blinds-Optrëtt vun der kompletter Staffel. Den Nico Santos war begeeschtert, huet matgesongen a gedanzt an dann och gebuzzert fir d'Lëtzebuergerin. Hie war dann och den eenzegen, deen nach eng Plaz a sengem Team hat a soumat war de Choix séier getraff.

*Video vum Optrëtt war um Freidegowend 23.45 Auer nach net disponibel. 

All d'Lëtzebuerger déi ugetruede sinn, sinn deemno och bei de Blind Auditions weider komm an elo geet et weider mat de Battles.