TIMBA, déi nei Serie mat Kuerzgeschichten

© Kremart Edition
D’Smart-Bicher vu Kremart sinn e klenge literaresche Phänomen. Oder, besser gesot, waren, well mat der Nummer 20 war Schluss. Elo gëtt et awer eng Nofolger-Serie, mam Numm: „Timba“ D’Bea Kneip stellt Iech se vir.
„Timba“ dat klengt e bësse wéi eng Figur aus engem Disney Film. Je nodeems wéi een et ausschwätzt, kënnt een awer och villäicht op „Timber“. An esou war et wuel och geduecht, well um Cover vun all Bichelchen pecht esou een Timber mat engem Präis drop: 4€. Liicht méi deier wéi d’Smart Bicher also, et sinn och e puer Säite méi, mä d’Konzept ass plusminus dat selwecht. Kuerz Geschichten vu ganz verschiddenen Auteuren, mat Coveren a verschiddene Faarwen. Déi éischt 5 goufen den 11te Juli virgestallt, op den Dag genee de 5te Gebuertsdag vu Kremart Edition.
Nummer 1 kënnt aus der Fieder vum Marc Wilwert, dee sech als Fotograf en Numm gemaach huet. De Cover weist sech an diskretem Gro, an dat kënnt och am Titel erëm: De groe Star.
Net gesi ginn, well een esou onopfälleg ass, dat gëtt fir de Protagonist problematesch, well en an engem Mordfall keen Alibi huet…
E Stierffall steet och um Ufank vum Timba-Buch Nummer 2. Mord oder net, déi Fro bleift allerdéngs opstoen. Mysteriéis ass och den Haaptpersonnage dee sech an engem Duerf am Weste vu Lëtzebuerg néierléisst. Wien ass de Mats, firwat ass en dohinner komm, wat schafft hien iwwerhaapt, keen am Duerf weess iwwer hie Bescheed. Dofir gëtt dann ëmsou méi spekuléiert.
„D'Wolleken iwwer Hawai“ ass den Titel vun dem orange Bichelchen. De Jérôme Netgen kennt ee villäicht als Auteur vun 2 Bünestécker an als Theaterkoordinator vun der Escher Kulturfabrik
Timba Nummer 3 kënnt am grénge Kleed, an dat passt bei den Titel: „De Bam“. Geschriwwen gouf et vum Catherine Gitzinger, déi sech wuel e bësse beim Kafka inspiréiert huet…
Zesumme mat hierer Zwillingsschwëster Sophie huet d’Catherine Gitzinger zum Beispill „Heiansdo“ erausbruecht, e Léierbuch fir Lëtzebuergeschcouren.
D’Sophie Gitzinger huet ausserdeem scho Gedichtbänn erausginn, an elo och hiren éischte Prosatext, Timba Nummer 4, mam Titel „Vill Gléck am neie Joer". E Konveniat ass de Kontext an dem den Erzieler, oder besser gesot, d’Erzielerin, sech Froen iwwert déi éischt 30 Joer vun hirem Liewe stellt.
Timba Nummer 4 kritt een am optimistesche Rosa.
Manner optimistesch an dofir e gudde Krack méi sarkastesch ass Timba Nummer 5. Hei war e Widderhuelungstäter um Wierk, de Luc Marteling huet nämlech schonn eng Rei Bicher geschriwwen, ënner anerem och d‘Smart Bichelchen i-Premier. Säi Bäitrag zur Timba Serie heescht: "Den nationale Wollef"
Voilà, dat sinn se, déi 5 Timba Bicher, kleng Virwëtztuten déi grad esou wéi hir Smart Virgänger an all Posch passen.
D’Timba Serie ass bei Kremart Edition erauskomm.

Jérôme Netgen / © RTL/Bea Kneip

Marc Wilwert / © RTL/Bea Kneip

Luc Marteling / © RTL/Bea Kneip

Sophie a Catherine Gitzinger / © RTL/Bea Kneip