Lecture vun heiheem"Wenn immer alles so einfach wäre" vum Roland Meyer

Tëscht Berlin a Lëtzebuerg, vun Nation Branding bis Landliewen-Idyll, dem Roland Meyer säin neie Roman provozéiert a léisst keng onkamout Wouerecht aus.

© Op der Lay
Wann een eng einfach Léisung fir e komplizéierte Problem ugebuede kritt, da sollt ee jo meeschtens skeptesch sinn…well grad esou einfach ass et da jo meeschtens awer net. „Wenn immer alles so einfach wäre“ dat ass och den Titel vum Roland Meyer sengem neitste Roman, dee kuerz virun der Summervakanz op de Maart komm ass. Wéi en dat vum Servais-Lauréat vun 2015 gewinnt ass, leet en och hei nees de Fanger a méi wéi eng oppe Wonn. D’Bea Kneip huet sech mam Roland Meyer ënnerhalen.

06/09/2018 Lecture vun heiheem: "Wenn immer alles so einfach
.



Alles fänkt u mat engem duebele Mord: An engem e bësse méi ofgeleeënen Haus am Eisléck gëtt eng Koppel dout opfonnt. D’Nora Zeimes, eng fréier héich Beamtin aus dem Tourismusministère, an de Gregor Wiesinger, e Firmeberoder vu Berlin, haten sech am Zesummenhang mat enger Nation-Branding kampagne kennegeléiert an direkt aneneen verléift.  Dat klengt Haus beim Bësch huet iwwregens schonn eng Virgeschicht: et ass nach guer net esou laang hir dass e bekannte Schrëftsteller, de Jempi Nosbusch, sech do d’Liewe geholl hat.
Bis dohinner kléngt dat e wéineg no Krimi…dat ass et awer net.
A Réckblende kommen déi verschidde Personnagen  ofwiesselnd zu Wuert: D’Nora, dat seng lukrativ Staatsplaz gekënnegt hat, fir en neit Liewen unzefänken, de Greg dee vu sengen Andréck vu Lëtzebuerg, sengem Liewen zu Berlin a senge Relatiounen zum Nora a senger Fra Hannah erzielt. An den Nosbusch, den hannert der Fassade vum héichrespektéierte Literat en diabolesche Charakter verstoppt. Fassade ass am Fong d’Stéchwuert fir all déi Personnagen. Si hu sech komplex Liggegebaier opgebaut, déi awer all riskéieren, an de Koup ze falen.
Zum Beispill dat vum  d’Hannah, dem Greg senger Fra, déi sech all Méi gëtt bei hirem Mann senge sëlleche Fraegeschichten béid Aen zouzepëtzen. Aus guddem Grond, well hiren Image als sozial engagéiert awer schlecht bezuelte Kënschtlerin léisst sech just mat senger gudder Pai oprechterhalen si kann sech et net leeschten hien ze verléieren. Oder den Nosbusch, dee genee weess dass säi Mäerder schon ënnerwee ass, a firwat den et op hien ofgesinn huet…
Wéi een dat vum Roland Meyer gewinnt ass, hu seng Personnagen Substanz, et si quasi Mënschen aus Fleesch a Blutt déi et iergendwéi op d’Säite vun engem Buch verschloen huet an déi sech och am Laf vun der Geschicht weiderentwéckelen.
Dobäi hält den Auteur hinnen all de Spigel vir, an zwar der een wéi een en an ëffentlechen Toilette fënnt, grell beliicht, sou dass een all klenge Schéinheetsfeeler iwwerdäitlech an uecht hëlt.  Den éischte Reflex ass  jo dacks déi ze iwwerschminken…wann dann ëmmer alles esou einfach wier! Dass de Roman en Nerv trëfft, dat weisen zum engen déi deelweis ganz enthousiastesch Kritiken, déi en an deenen éischte puer Woche scho kritt huet. Zum aneren ass et awer och d’Reaktioun vun de Lieser déi op der Facebooksäit vum Auteur eng eegen Dynamik ugeholl huet.

De Cover stécht iwwregens och voller Symbolik, eng Foto vu Berlin Alexanderplatz, op der Kopp. „Wenn immer alles so einfach wäre“, dann hätte mer et kamout. Sech eben net alles esou kamout ze maachen, an hannert d’Fassade ze kucken, dat ass wuel den Haaptmessage den een hei zeréckbehale kann. E Buch dat een onbedéngt sollt gelies hunn.

"Wenn immer alles so einfach wäre" vum Roland Meyer ass bei Op der Lay erauskomm. Offiziell virgestallt gëtt d'Buch iwwregens den 3ten Oktober am Craft Corner zu Bouneweg, mat Liesung, Diskussiounsronn a musikalescher Begleedung.
© RTL/Bea Kneip